Aus dem PolicebulletinMann wëll zu Esch Glasfënster vu Gebai arennen a blesséiert sech um Fouss

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police e Virfall vun en Donneschdegmoien, bei deem um Boulvard Prince Henri zu Esch e Mann mat enger gréisserer, bluddeger Wonn um Fouss fonnt gouf.
© Laurent Weber

Dat géint 5 Auer moies. De Mann louch um Buedem, wéi Beamten hie fonnt hunn. En huet misse medezinesch versuergt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt hien an en onbewunnt Gebai erakomme wollt an heifir eng Fënster aus Glas futtigeschloen huet. Dobäi huet hie sech eng Schnëttwonn um lénkse Fouss zougezunn an doduerch vill Blutt verluer. De Mann gouf doropshin an engem Spidol behandelt. Liewensgefor bestoung keng.

Eng Rei Policeunitéiten hunn duerno Kontrollen am concernéierte Gebai duerchgeféiert, dobäi goufe fënnef weider Persounen ugetraff, déi all kontrolléiert goufen. Bei enger Persoun gouf en Handy beschlagnaamt an e Protokoll wéinst Déifstall erstallt.

Back to Top
CIM LOGO