
Am Kader vun den Ermëttlunge ronderëm d'Schéisserei op enger Rave-Party zu Aarau an der Schwäiz, bei där an der Nuecht op e Sonndeg eng Persoun gestuerwen a 5 weiderer blesséiert gi waren, ass e Méindeg, no bei Zürech, en 43 Joer ale Schwäizer festgeholl ginn.
Géint 1 Auer an der Nuecht op e Méindeg war de Verdächtegen der Police bei hirer Sichaktioun an d'Netz gaangen. Et gëtt weider ermëttelt, fir déi genee Ëmstänn z'analyséieren a fir e Motiv ze fannen. D'Kantonspolizei Aargau geet weider dovun aus, dass et sech ëm en eenzelen Täter gehandelt huet. Weider Detailer sollen e Mëttwoch op enger Pressekonferenz bekannt ginn.