Summerserie "Tëscht Preventioun an Urgence" - Deel 3"All Mënsch ka muer an deem Cas sinn, dass en Hëllef brauch", seet d'Nadia Baciotti vum Abrigado

Monica Camposeo
Vill Leit kennen d’Containergebai vum Abrigado, net wäit vun der Gare, zu Bouneweg. Op d'mannst kenne si et vu baussen, si scho laanschtgefuer oder getrëppelt.
D'Nadia Baciotti wärend hirer Nuetsschicht am Abrigado
© RTL

Den Abrigado ass eng Struktur vum CNDS, dem Comité national de défense sociale, an hei ginn drogenofhängeg a suchtkrank Leit en charge geholl. Zum Abrigado gehéiert nieft engem Raum fir den Drogekonsum, och den Nuetsfoyer. Mir huelen Iech mam Mikro mat eran.

Um 22 Auer mécht den Nuetsfoyer op. Fir d’Leit, déi den Owend hei sinn, ass et net déi éischte Kéier. D’Educateure kenne bal jidderee beim Numm, begréisse si an deelen hinnen e Bett zou. Huet een den Dag virdrun och schonn hei geschlof, kritt een dat nämmlecht Bett. Am Büro, wou ee sech fir ze Iwwernuechten umellt, kann een och proppert Material fir de Konsum froen, erkläert den Educateur Michael Jung. Hie schafft schonn zanter 7 Joer hei, ëmmer nuets. Esou wéi d’Coordinatrice vum Nuetsfoyer, d’Nadia Baciotti. Si mécht souguer schonn zanter 17 Joer Nuetsschichten.

De Foyer ass an éischter Linn do, fir de Leit en Daach iwwert dem Kapp ze ginn, seet si. "D’Leit kommen heihinner fir e Rou- a Schutzraum ze fannen." Et ginn 30 Better fir Männer an 11 fir Fraen, en Openthaltsraum a Buedzëmmer mat Duschen. An der Moyenne sinn all Nuecht eng 25 bis 30 Better besat. Eent dovunner krut op dësem Owend den Ado. Hie kënnt zanter 5 Joer mol méi, mol manner reegelméisseg heihinner schlofen, erzielt hien. Zanter 2010 konsuméiert hie Kokain. Haut huet hie 37 Joer.

Verschidde Profiller, ënnerschiddlech Schicksaler

D’Schicksaler vun de Leit, déi heihinner kommen, sinn all ënnerschiddlech, esou d’Nadia Baciotti. Verschidde Leit kéimen all Dag heihinner schlofen, anerer éischter sporadesch. Déi eenzeg Konditiounen, fir hei dierfen z’iwwernuechten, sinn, dass ee muss volljäreg sinn an e Kontrakt aus dem Drogekonsumraum muss hunn. Deen ass ënnert dem Nuetsfoyer an huet aktuell just daagsiwwer op.

Zanter der Ouverture vum Nuetsfoyer Enn 2003 goufen am Ganze knapp 3.400 esou Kontrakter gemaach. Dobäi muss een awer präziséieren, dass dorënner och Net-Konsumente sinn, déi am Ufank och nach hei iwwernuechte konnten. Dat gouf dunn awer geännert.

Mat der Zäit géing een ëmmer erëm Upassunge maachen, esou d’Coordinatrice Nadia Baciotti, fir d’Offer un d’Besoine vun de Leit unzepassen. Esou gouf zum Beispill och duerch d’Pandemie e Substitutiounsprogramm en place gesat. "Et kënnt eng Infirmière moies um hallwer 7 an den Nuetsfoyer a verdeelt Substitutiounsmedikamenter un déi Clienten, déi hei geschlof hunn. An dat erméiglecht et de Leit, den Dag net en manque, also net krank unzefänken." Dat wier e wichtege Schrëtt gewiescht, seet si.

Vun Oktober u mécht den Drogekonsumraum och nuets op

Mat de Joren hätt sech d’Drogenzeen ëmmer nees verännert an och dorunner passt sech déi sozial Offer un. Wéi si ugefaangen huet am Abrigado ze schaffen, am Joer 2009, wier haaptsächlech Heroin konsuméiert ginn. Elo gesäit ee vill méi Kokain an och Crack. Doduerch verännere sech d’Verhalen an d’Gewunnechte vun de Konsumenten, erkläert d’Nadia Baciotti. "Nuets mierkt een dat och ganz gutt. D'Leit gi vill méi eraus, fir ze konsuméieren, duerch de Kokainkonsum. Si si méi onroueg a schlofen net esou gutt. Dat ass natierlech och e wichtegt Argument fir d’Ouverture am Oktober vum Drogekonsumraum."

Am Nuetsfoyer selwer, um éischte Stack vun der Container-Struktur zu Bouneweg, dierf nämlech net konsuméiert ginn. Aktuell ginn d’Leit dowéinst bis eraus virun d’Dier. Vun Oktober u kënne si dann awer erof an e sécheren an iwwerwaachte Raum goen, dee bis ewell just am Dag op war. Fir drogenofhängeg a suchtkrank Leit ass d’Offer vum Abrigado wéi en éischte Schrëtt. E wéineg méi Sécherheet, eventuell mat der Zäit e wéineg méi Stabilitéit. A wie wëll, kann un aner Servicer weider orientéiert ginn. Esou wéi den David. "Déi Struktur hei ass wierklech gutt. Wann s de prett bass, leede si dech un den Taba weider. Dat ass eng aner Struktur vum CNDS." Do wier him vill gehollef ginn, esou den David. "Mee et muss ee selwer prett sinn, soss bleift een, wou een ass", betount hien.

Keng Container méi: Bis 2035 soll eng definitiv Struktur entstoen

Den David ass an déi 50 an nodeems hien d’Nuecht am Abrigado verbruecht huet, geet hien op d’Aarbecht. Eppes wat nëmme méiglech ass, well hien Hëllef an Usproch geholl huet, seet hien. "Ech kommen aus guddem Haus, mee ech hat en emotionale Schock. De soziale Milieu hunn ech virdrunner net kannt a fir heihinner ze kommen, hunn ech fir d’éischt meng Situatioun missen akzeptéieren."

An hirer laangjäreger Aarbecht an der Drogenhëllef huet d’Nadia Baciotti geléiert, dass kee virun engem schlëmme Schicksal sécher ass. "All Persoun kann e Schicksal erliewen, wou et engem de Buedem ënnert de Féiss ewech rappt. An ech denken do misst d’gesamt Gesellschaft eng Kéier doriwwer reflektéieren, well all Mënsch ka muer an deem Cas sinn, dass en Hëllef brauch."

An dëser Nuecht hu 26 Männer an zwou Fraen hei geschlof. Déi meescht vun hinne sinn iwwer 45 Joer al. Um 7:15 Auer moies muss da jiddereen d’Struktur verloossen.

Bis Enn 2027 soll den Abrigado an eng weider provisoresch Struktur plënneren. D'Plënneraktioun huet e gudde Grond: op där Plaz, wou d’Container aktuell stinn, soll en definitiivt Gebai gebaut ginn. Vun der Stad Lëtzebuerg heescht et, dass eng laangfristeg Struktur bis 2035 envisagéiert gëtt. Genee Detailer wieren awer nach net bekannt, heescht et vun der Gemeng, well d'Drogenzeen stänneg am Wandel ass an een dat weider observéiere géing, fir d'Offer vun de Servicer unzepassen. Och de Santésministère confirméiert, dass den Delai vun 2035 nach ëmmer aktuell ass.

Back to Top
CIM LOGO