
En Dënschdeg den Owend gouf der Police zu Bouneweg ee Mann gemellt, dee blesséiert gi wier.
Effektiv louch géint 23:10 Auer an der Rue de Bonnevoie ee Mann mat enger bluddeger Kappwonn um Buedem. De presuméierten Täter war och nach do, wou d'Beamten op der Plaz ukoumen. Éischten Informatiounen no hat de Verdächtegen d'Affer direkt e puermol geschloen.
Béid Männer haten ze vill gedronk. De Mann mat der Kappverletzung koum an d'Spidol, wärend de Verdächtege festgeholl gouf an e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht gouf.