De Parquet an den Inneminister Léon Gloden hunn am Zesummenhang mat Affairen ëm frauduléis Immigratioun bedauert, datt den Dateschutz engem Informatiounsaustausch am Wee kéint stoen.
Mir froen d’Presidentin vun der nationaler Dateschutzkommissoun, wat si dozou seet. Mam Tine A. Larsen schwätze mer och iwwert de Projet vum Once-Only, deen op eng Rei Bedenke vun der CNPD a vum Staatsrot gestouss ass an iwwert d’Reguléierung vun der kënschtlecher Intelligenz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.