De CGDIS melltMotocyclist op der N10 a Richtung Doosber Bréck accidentéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg gouf et uechter d'Land zwee Accidenter, een op der N10 an een op der N23.
© Laurent Weber

Géint 12:30 Auer ass op der N10 bei Maarnech a Richtung Doosber Bréck ee Motorradschauffer gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vun Ëlwen war do.

Eng Ambulanz vu Réiden op der Atert war dunn nach géint 13:46 Auer bei engem Accident op der N23 am Asaz. Hei war eng Persoun blesséiert ginn, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen.

Back to Top
CIM LOGO