
E Méindeg de Moien, um kuerz virun 8 Auer, koum et am Prisong zu Schraasseg zu engem Feier an enger Prisonéier-Zell. Wéi et heescht, gouf dobäi eng Persoun blesséiert. Genee Detailer ginn et nach keng.
Op der Plaz waren d'Ekippen aus der Stad a vun Nidderaanwen-Schëtter.