Projet "SaferNight" um e-LakeEng Offer, wou ee kann Hëllef froen

Diana Hoffmann
De Lila Point ass als Safe Space lénks nieft der Entrée vum Festival ze fannen, wann een iwwert de Wee laanscht de Séi erakënnt.
SaferNight um e-lake 2024
SaferNight um e-lake 2024
© RTL Archiv

“Et ass déi Offer, wou een Hëllef ka froen, wann een am Kader vun enger Festivitéit agresséiert gëtt”, erkläert de Carlos Paulos, Direkter vun der 4 Motion asbl, déi d’SaferNight organiséieren. Dobäi géing et ëm verbal oder kierperlech Aggressiounen oder och ëm Diskriminéierung goen. Ob et méi zu sou Virfäll komm ass, kann hien awer net soen. Op alle Fall wier et eppes, wou an de leschte Jore méi driwwer geschwat gouf a wat d’Allgemengheet wéilt änneren.

Nieft dem Lila Point sinn och mobil Awareness-Ekippen um Festival ënnerwee. "Si froen heiansdo och emol aktiv, ob alles an der Rei ass oder wéi et engem geet", seet de Carlos Paulos. Um e-Lake sinn 28 Leit am Asaz. Dobäi sinn ënner anerem Psychologen, Educateuren, Assistant-sociallen, Sozialaarbechter an och jonk Erwuessener, déi fir dës Aufgab forméiert goufen. Si kënnen all direkt ugeschwat ginn, wann ee sech net méi sécher fillt oder Hëllef brauch. Dës Leit géingen da kucken, wat se kënne maachen oder d’Persoun un ee vun de Sécherheetspartner op der Plaz weiderleeden.

3 Stänn um e-lake informéieren iwwer d'Gefore beim Feieren
De Carlos Paulos, Direkter vun der 4 Motion asbl, erkläert, wat d'SaferNight um e-lake bedeit

Am Moment wier dës Offer néideg, fënnt de Carlos Paulos. Et géing een op Alldagsgesten opmierksam maachen, fir e gutt Zesummeliewen, wann ee feiere geet. Wou et net just géing dorëm goen ze consomméieren, mee och eppes ze ginn, am Austausch mat deem aneren. Dem Carlos Paulos säi Message ass kloer: "Sécher feieren a sécher heemkommen." Wann een dann zesumme féiere geet, soll een och zesummebleiwen, a keen zréck loossen.

© Diana Hoffmann

Nieft dem Lila Point gëtt et um Festival och de Pipapo-Stand mat Informatiounen a Preventiounsmaterial wéi Ouerestëpp a Kondomer. Am Duckmobile, dem Drug-checking-Service, kënne Festivalgäscht dann hir Substanzen analyséiere loossen a kréien Informatiounen iwwer méiglech Risiken. D'Zil ass et, d'Sécherheet um Festival weider ze stäerken.

Back to Top
CIM LOGO