Ofhängegkeet vu fossillen EnergienDéi Lénk fuerderen ënnert anerem eng Windfall-Steier op aussergewéinlech Gewënner

Claudia Kollwelter
"Beneficer duerch d‘Leed vun de Mënschen an d’Zerstéierung vum Planéit", esou ass hire Communiqué iwwerschriwwen.

Grouss Pëtrolskonzerner maachen Milliarden Profitter, wärend d'Leit héich Energiepräisser bezuelen an d'Klimakris sech weider verschäerft. Dat kritiséieren déi Lénk an engem Schreiwes. Gläichzäiteg géif de Lëtzebuerger Pensiounsfong nach ëmmer Honnerte Milliounen Euro an d'Fossilindustrie investéieren. Déi Lénk fuerderen dofir eng Windfall-Steier op aussergewéinlech Gewënner, e Stopp vun dësen Investissementer an eng vill méi konsequent Politik fir d'Ofhängegkeet vu fossillen Energien ze reduzéieren an d'Energietransitioun virunzebréngen.

Pressecommuniqué
Energiekris a Klimawandel:<br>Benefisser duerch d‘Leed vun de Mënschen an d’Zerstéierung vum Planéit.

Back to Top
CIM LOGO