
Tëscht dem 30. Juli an dem 6. August huet d'Police an der Stad direkt e puer grouss ugeluecht Kontrollen duerchgefouert, déi zum Zil haten, déi ëffentlech Uerdnung, den Zougang zu Gebailechkeeten an d'Beweegungsfräiheet vu Persounen ze iwwerpréiwen.
Am ganze goufe 85 Leit kontrolléiert a gebieden, déi Plaz, wou si sech grad ophalen, ze verloossen. Eng Persoun ass der Opfuerderung vun de Beamten net nokomm, dowéinst gouf e Platzverweis géint si ausgeschwat.
Ausserdeem goufen zwou vun de Persounen, déi kontrolléiert goufen, gesicht, wouduerch si fir eng Iwwerpréiwung op de Policebüro koumen. Am ganze waren 38 Beamten an ee Policehond am Asaz.