Sozialplang bei KyndrylTransfert vu BIL-Leit vu Sozialplang "net connectéiert", trotzdeem grouss Suergen

François Aulner
D'Auslagerung vun den IT-Servicer an 140 Leit vun der BIL bei d’IT-Firma Kyndryl an de Sozialplang bei Kyndryl sinn "net conncectéiert", esou d'BIL e Mëttwoch op Nofro hin.
© BIL

Vu Kyndryl huet et op Nofro hi geheescht, datt Employéë vun der BIL net vum "Reequilibrage" um Niveau vum Personal impaktéiert wieren. Den OGBL an den LCGB hate virdru vun engem "duebele Verrot" geschwat, well 24 Leit bei Kyndryl sollen ofgebaut ginn, iert den 1. September 140 Leit vun der BIL dohinner wiesselen.

D'Banque Internationale à Luxembourg, d'BIL, hat am Mee en Accord mat Kyndryl Lëtzebuerg ënnerzeechent (*). Am Projet de transfert, deen de 7. Mee am Handelsregëster publizéiert gouf, steet, datt "de ganze Spektrum vun den IT-Servicer" an domadder 140 Leit sollte geoutsourced ginn. D'Gewerkschafte sinn entsat, well d'Personaldelegatioun bei Kyndryl den 9. Juli scho vum Sozialplang woussten, mee d'BIL et eréischt dëse Méindeg 17. August gewuer gi wier. Donieft hätten d'Personaldelegéiert e Maulkuerf verpasst kritt.

D'BIL weist éischtens drop hin, datt Kyndryl an hire Joreszuelen am Mee e "Reequilibrage" (d’Bank huet de selwechte Begrëff ewéi d’IT-Firma benotzt, nvdr) vu hirem weltwäiten Effectif ugekënnegt hat, och wann déi präzis Modalitéiten dovunner oder e Sozialplang zu Lëtzebuerg net bekannt gewiescht wieren. Déi Decisioun wier "natierlech" an der Verantwortung vu Kyndryl a wier Deel vun hirer eegener Strategie.

Sozialplang bei Kyndryl / Reportage François Aulner

Wat geschitt an zwee Joer?

D’BIL betount dann awer och wéi gesot, datt d’Erweiderung vum Partenariat mat Kyndryl an hir Decisioun, fir e Sozialplang ze maachen, "net connectéiert" wieren. D'Conditioune vum Transfert vu BIL-Mataarbechter, déi verhandelt goufen, wieren net a Fro gestallt a géingen net geännert ginn, wat Kyndryl och confirméiert huet. Dës Conditioune wiere mat deenen, déi se an der Bank hate "vergläichbar", sou d’BIL. Enn Juli hat den OGBL eis dat och scho gesot.

D'Äntwerte vun der BIL op eis Froen

Haut bekloen d’Gewerkschaften awer e “Manktem un Transparenz” an e “Vetrauensbroch”, déi de Leit, déi scho bei kyndryl schaffen, grouss Suerge maachen, mee och deene vun der BIL, déi vum 1. September un do wäerte schaffen. D’Stëmmung wier ganz schlecht an d’Leit géinge sech froen, wat an zwee Joer mat hinne geschitt, esou d’Vertrieder vun OGBL an LCGB, mat deene mer geschwat hunn. Kyndryl probéiert ze rassuréieren: se géing d’Expertis, d’Erfarung an e grousst Wësse vu BIL-Employéen héich wäertschätzen a si géingen eng wichteg Roll an de regionalen Operatioune vu Kyndryl an Zukunft spillen.

Offizielle Statement vu Kyndryl

Vu Gewerkschaftssäit krute mer nach präziséiert, datt vun den 140 Leit, déi transferéiert sollte ginn, et der elo just nach 130 sinn, well 10 gekënnegt oder schonn hir Pensiounsrechter ugefrot hätten. D’Verhandlungen ëm de Sozialplang wieren aktuell voll amgaang. Fir d’Gewerkschaften ass e Sozialplang an eventuell Entschiedegungen nach ëmmer besser ewéi d’Salami-Taktik, wou wärend der Finanzkris zum Beispill Banke Leit no an no entlooss hunn, fir laanscht e Sozialplang ze kommen. Mee d’Aart a Weis, ewéi kommunizéiert gouf, ass fir si eben inacceptabel.

(*) Kyndryl an d’BIL

Kyndryl Lëtzebuerg ass eng Duechtergesellschaft vun der Kyndryl Holding zu New York. Et ass eng US-Firma, déi sech 2021 vun der faméiser IBM getrennt huet. Kyndryl Lëtzebuerg war 2004 als IBM Services Financial Sector SARL hei registréiert. Am Joresbilan liest een, datt d’Firma d’lescht Joer eng 200 Leit hei beschäftegt huet. Hiren Netto-Benefice huet sech op ee Joer gekuckt vu 4,5 op 6,7 Milliounen Euro verbessert. Kyndryl huet d’lescht Joer dem Lëtzebuerger Staat och bal 2,3 Millioun Euro u Steiere bezuelt.

D’BIL huet Enn d’lescht Joer 1.611 Leit beschäftegt an en Netto-Benefice vun 210 Milliounen Euro gemaach – méi ewéi hallef esouvill ewéi d’Spuerkeess oder d’BGL BNP Paribas. Den Haaptaktionär vun der BIL, déi chineesesch Legend Holding, probéiert zanter iwwert engem Joer hir 90% Parten ze verkafen.

D’BIL a Kyndryl hunn am Mee eng Erweiderung vun hirer Partnerschaft matgedeelt, fir d’Modernisatioun vun der Bank an engem Ëmfeld vu séieren technologeschen Ännerungen virunzedreiwen.

Back to Top
CIM LOGO