ZeienopruffVandalismus a Beschiedegungen an de Gemenge Géisdref a Wolz
An der Nuecht vum 23. op de 24. Dezember gouf et eng Partie Fäll vu Beschiedegungen, respektiv Vandalismus, haaptsächlech duerch Wërf vun Eeër.
Verëffentlecht: 17.02.20 12:01, Update: 10.12.25 11:33
Persounen, déi Affer vun dëse Strofdote gi sinn, solle sech bei der Police vum Commissariat des Ardennes zu Wolz mellen. D'Telefonsnummer ass den 244891000.