Brand zu Keel an zwee AccidenterVéier Blesséierter no Kichebrand zu Keel, zwee Blesséierter no Accidenter

Andy Brücker
E Freideg am fréien Owend huet et zu Keel an der Rue de Tétange gebrannt.
© Laurent Weber

Et wat géint 17:30 Auer, wéi d'Pompjeeën op en Asaz an d'Rue de Tétange op Keel geruff goufen, well et hei an enger Kiche gebrannt hat. D'Pompjeeë vu Esch, Keel a Rëmeleng sinn op d'Plaz gefuer, zesumme mat zwou Ambulanze vun Esch. Net manner wéi 4 Persoune goufen hei verwonnt.

Ee Blesséierte goufen et no engem Accident e Freideg géint 21:40 Auer op der Streck tëscht Bidscht an dem Schumannseck. D'Pompjeeë vu Wolz an aus de Stauséigemeng waren am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Wolz.

De SAMU Ettelbréck war kuerz virun 23 Auer gefuerdert, no engem Accident um CR128, Beeforter Heed - Reisduerf. En Auto war hei bäigaangen an eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vu Reisduerf an eng Ambulanz aus der Fiels waren och an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO