Eng Mamm, déi hire Puppelchen un der Broscht huet, ass op där enger Säit dat natierlechst vun der Welt. Op der anerer Säit ass d'Nieren en Thema, deem et ëmmer nach un Opklärung a Visibilitéit feelt, fënnt d'Joanna Hudyka. Si ass Fotografin an huet dëst Joer scho fir d'véierte Kéier e Fotoshooting am Kader vun der Welt-Stëll-Woch organiséiert. 28 Mamme sinn dem Opruff nokomm, sech Ufank Juli virum Suessemer Schlass ze treffen, fir gemeinsam hir Puppelcher ze nieren a sech dobäi fotograféieren ze loossen.
D'Fotoe sollen net just dem Niere selwer méi Siichtbarkeet ginn, mä och den Thematike ronderëm, déi dacks ënnerginn. “Nieren ze kënnen ass net selbstverständlech”, erkläert eng vun de Mammen. “Et kascht immens vill Energie a bréngt Nuechten ouni Schlof mat sech” ergänzt eng aner. Si sinn net just hei, fir hir Stëllbezéiung op Fotoe festhalen ze kënnen, mä och, fir e Message ze verbreeden: “Et ass e politesche Statement, dass Mammen iwwerall niere kënnen, wou se wëllen”.
Dass d'Thema Niere vu baussen dacks ënnerschat gëtt, weess een och bei der Initiativ Liewensufank. Si sinn eng vun den Adressen, wou Elteren zu den ënnerschiddlechsten Themen Hëllef fannen. D'Marta Lage ass Stëllbegleederin. Si begleet a beréit d'Mammen iwwert déi ganz Stëllbezéiung, bei alle Froen a Problemer déi esou opdauchen. E groussen Deel vun der Aarbecht wier et, sech d'Zäit ze huelen, nozelauschteren an d'Mammen an der emotionaler Rees ze ënnerstëtzen. Op der anerer Säit kéint d'Marta mat sengem Fachwëssen och heiansdo ganz einfach technesch Astucë ginn, déi hëllefen, dass d'Niere besser klappt. Zu Lëtzebuerg géif et verhältnisméisseg vill verschidde Méiglechkeeten, sech zum Thema Niere beroden ze loossen – dacks géif et hinne just u Visibilitéit feelen.
Hëllef bei Froen zum Thema Niere fënnt een ënner anerem hei:
https://www.liewensufank.lu/
http://www.lalecheleague.lu/
https://www.sages-femmes.lu/