Pilot vu Lëtzebuerger Läschfliger am InterviewAsaz an der Gironde huet nach emol gewisen, wéi wichteg amphibesch Fligere sinn

Marlène Clement
Jeannot Ries
Et si Biller, déi een esou séier net vergësst: Déi massiv Bëschbränn am Südweste vu Frankräich a besonnesch an der Gironde. Och de Grand-Duché huet bei de Läschaarbechte gehollef. Esouwuel um Buedem, ewéi aus der Loft.
Interview mam Pilot vu Lëtzebuerger Läschfliger, deen an der Gironde am Asaz war
Biller, déi een esou séier net vergësst: Massiv Bëschbränn am Südweste vu Frankräich. Och de Grand-Duché huet bei de Läschaarbechte gehollef.

Aquarius Aerial Firefighting, eng Duechterfirma vun der Cargolux, war wärend sechs Deeg mat dräi Läschfligeren am Asaz. Eng Maschinn aus Lëtzebuerg an zwou aus der Tierkei. Mat dobäi war och de Generaldirekter Wieger Ketellapper, deen och selwer geflunn ass. Hien ass antëscht nees zeréck an der Tierkei. Zwou bis dräi Missiounen den Dag sinn déi am Ganze véier Pilote geflunn.

Pro Missioun waren et ongeféier dräi Stonnen, mat obligatoresche Pausen tëschent de Missiounen. Um Enn vum Dag gëtt en Debrief gemaach. Dem Wieger Ketellapper no huet den Asaz nach emol gewisen, wéi wichteg et ass amphibesch Fligeren - also Fligeren, déi esou wuel um Land, ewéi um Waasser kënnen operéieren - vun Ufank un anzesetzen. Dofir wier et wichteg, deen Typ Fliger ganz strategesch am Land ze verdeelen a soubal et brennt, direkt kënnen ze reagéieren.

D'Läschaarbechte sinn net ouni Risiko. Dat huet och déi déidlech Kollisioun tëschent zwee Helikoptere bei de Läschaarbechten a Griicheland gewisen. Tëschent Damp, Feier, Bierger a Séie wieren d’Piloten immens beschäftegt. D’Kommunikatioun wär immens dynamesch, erzielt de Generaldirekter vun Aquarius Aerial Firefighting aus eegener Erfarung. Datt ee Kolleegen an enger anerer Maschinn kéint iwwersinn, wier Fakt. Et misst awer alles gemaach ginn, fir dat ze verhënneren.

Spektakulär Opnamen: Lëtzebuerger Läschfliger tankt Waasser an der Gironde
Bei de Bëschbränn a Frankräich huet och de Grand-Duché gehollef. Dräi Läschfligere vun Aquarius Aerial Firefighting ware sechs Deeg am Asaz.

D'Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg setzt dofir op ee Kollisiounswarnsystem vun der neister Generatioun mam Numm PowerFLARM. Déi Apparater hätt ee vun Ufank un an d’Läschfligeren abaue gelooss. Am Géigesaz zu anere Warnsystemer géingen déi all Signaler am Loftraum erkennen, och déi vu méi alen Transponder. Ganz dorop verloossen, sollt ee sech awer net. Wéi bei villem gëllt och hei: Null Risiko gëtt et net.

Pilot vu Lëtzebuerger Läschfliger am Interview / Reportage Marlène Clement

D'Cargolux-Duechterfirma, déi op Brandbekämpfung spezialiséiert ass, huet Stand haut zéng Läschfligeren. Dovunner ass een am Grand-Duché stationéiert an néng an der Tierkei. D'Pläng, fir weider Läschfligeren ze kafen, lafe schonn.

Back to Top
CIM LOGO