Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.333 Tester waren der 106 positiv
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 806 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 15.05.21 16:50, Update: 15.05.21 17:29
Aktuell sinn 71 Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 op der Intensivstatioun.
4.308 Mënsche kruten e Freideg hir 1. Dosis, fir 3.188 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 277.379 Dosisse gesprëtzt.