Bis den 10. JanuarWat kritt een no Chrëschtdag nach a Geschäfter zu Lëtzebuerg ze kafen?
Hei eng komplett Lëscht, mat alleguerten den essentielle Produiten, déi et nach bis den 10. Januar wäert zu Lëtzebuerg am Lockdown ze kafe ginn.
Verëffentlecht: 22.12.20 10:30, Update: 22.12.20 11:50
Vum 26. Dezember un ginn d’net-essentiell Geschäfter zougemaach. Livraisoun, Drive-In a Commandë baussen entgéinthuelen, bleiwen awer autoriséiert. An de Geschäfter selwer kritt een no Chrëschtdag a bis den 10. Januar just nach folgend Saachen ze kafen:
- Liewensmëttel
- Déierefudder
- Medikamenter an aner medezinesch Produkter
- Hygiènesproduiten, Wäschmëttel a sanitäert Material
- Orthopedescht Material
- Brëller a Kontaktlënsen
- Bicher, Zeitungen a Schreif-Artikelen
- Kichegeschier
- Bensin a Brennes
- Tubak
- Telekommunikatiounsmaterial
De ganze Projet de loi, respektiv d’Amendementer, fannt Dir HEI.
Projet de Loi nei Mesuren