Är witzegsten a verrécktste Songs um RadioE Samschdeg 15. August heescht et nees "RTL - Nieft der Plakk" - Summereditioun

RTL Lëtzebuerg
Vun 13 bis um 19 Auer iwwerhuelen de Laurent Gillander a Jules Serrig d’Antenn, fir eng Radioshow, déi komplett nieft der Plack ass.
© Ken Hansen / RTL Grafik

Ganzer sechs Stonne laang héiert Dir de 15. August déi verrécktst, krommst a witzegst Lidder, déi soss bal ni am Radio lafen.

An dat Bescht: Dir bestëmmt nees d'Playlist!

Schéckt eis elo Är geckegst Lidder-Wënsch eran. A mat e bësse Chance héiert Dir et de 15. August um Radio. "RTL – Nieft der Plack".

"RTL - Nieft der Plakk*": Op Maria Himmelfaart vun 13 bis 19 Auer mat villen Iwwerraschung, Musek a gutt Laun.

*Op dësem Dag ass net just d'Musek nieft der "Plakk", ma och d'Grammatik vun dësem Wuert huet eng kleng ofkritt.

Back to Top
CIM LOGO