
An der Nuecht op e Fredeg huet d'Police tëscht 00:16 an 01:30 Auer eng Vitesskontroll an der Déifferdenger Strooss zu Zolwer gemaach. Eng Partie Chauffere waren ze séier ënnerwee, 4 dovunner sou séier, dass se e Protokoll hu musse bezuelen.
Nodeems d'Kontroll eriwwer war, ass de Polizisten nach e Gefier opgefall, dat mat héijer Vitess laanscht gefuer ass. D'Beamten hunn dem Chauffer signaléiert, dass e méi lues fuere soll, doropshin huet dësen awer Gas ginn an ass a Richtung Zentrum fortgefuer. Et koum zu enger Poursuite, bei där de presséierte Chauffer mat héijer Vitess a Richtung Esch geflücht ass. E konnt awer op der Héicht vun der Rue Metzlerlach gestoppt a kontrolléiert ginn.
Den Alkohol- an Drogentest war negativ. Allerdéngs sollt sech erausstellen, dass de Chauffer an der Vergaangenheet schonn opfälleg gi war, well e vill ze séier mam Auto ënnerwee war. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn an den Auto séchergestallt.
Zu Diddeleng gouf an der Nuecht op e Freideg géint 2:25 Auer eng Persoun gemellt, déi eventuell wëlles hätt alkoholiséiert Auto ze fueren. Eng Policepatrull konnt de Mann an der Rue Jean Jaurès unhalen a kontrolléieren. Den Alkoholtest war dann och positiv. En hat kee Fürerschäi bei sech, deemno krut en e provisorescht Fuerverbuet.
An de fréie Moiesstonnen ass enger Policepatrull e Mann op enger Tankstell an der Route de Longwy zu Rodange opgefall, deen de Motor vu sengem Auto lafe gelooss huet, wou e geparkt huet. D'Beamten hunn de Mann drop ugeschwat an dunn e staarken Alkoholgeroch festgestallt. Den Test war dann och positiv an e Fuerverbuet war d'Konsequent.