Niedersachsen (D)Mat alkoholiséierter Mamm matgefuer: Meedche vun aacht Joer rifft Police wärend der Faart

RTL mat AFP
Et kann een dat klengt Meedche vun aacht Joer duerchaus als Heldin bezeechnen.
Eine Achtjährige hat in Niedersachsen eine gefährliche Trunkenheitsfahrt ihrer Mutter gestoppt - per Notruf aus dem fahrenden Auto. Das verängstigte Kind setzte diesen per Freisprechanlage ab, wie die Polizei in Diepholz berichtete.
Symbolbild
© AFP/Archiv

D'Kand aus dem däitschen Diepholz an Niedersachsen war mat senger Mamm am Auto an huet decidéiert, den Noutruff ze wielen. De Grond: d'Mamm war därmoossen alkoholiséiert, dass si net méi riichtaus fuere konnt. Dat huet d'lokal Police en Dënschdeg matgedeelt.

Dat verängschtegt Kand konnt mat Hëllef vun der Fräispriechanlag der Police uruffen. An Tréinen opgeléist huet hatt de Beamten erzielt, dass seng Mamm de Won am Zickzack steiert an och ëmmer nees op d'Géigespuer gerode géif.

Eng Policepatrull huet de Won lokaliséiert an d'Mamm direkt gestoppt. D'Fra vu 40 Joer hätt "ënner eminentem Afloss vun Alkohol" gestanen a wier net méi kapabel gewiescht, nach Auto ze fueren. En éischten Alkoholtest huet e Wäert vun iwwer 1,9 Promill festgestallt a si krut och direkt de Fürerschäin ewechgeholl.

D'Kand ass nom Virfall bei enger adequater Opsiichtspersoun aus der Famill ënnerdaach komm. Geschitt ass dat Ganzt scho leschte Samschdeg ëm Mëtternuecht. D'Mamm erwaart elo eng Procédure pénale.

Back to Top
CIM LOGO