Ee Sonndegmëtteg am Summer am Fond de Gras. Am Minettspark ass vum 1. Mee bis Enn September sou munches lass. Nieft dem Train 1900 fiert wärend där Zäit och d'Minièresbunn. Des Schmuel-Spuer-Bunn féiert d'Visiteuren duerch eng längst vergaangen Zäit.
Hei hunn ech Rendezvous mam Karla Wangen. Gebierteg aus der Belsch schafft d'Karla zu Esch a wunnt zu Diddeleng. De Minett gefält der ganz dynamescher Fra. Fir si ass et wichteg, de Leit ze weisen, wou de Lëtzebuerger Räichtum säin Ursprong huet. Dofir ass d'Karla zanter 2017 bei der Minièresbunn am Fond-de-Gras aktiv.
"Ech war viru Jore mat engem Aarbechtskolleeg hei, deen Dampmaschinne kontrolléiert huet an du sinn ech hei hänke bliwwen." Dem Karla Wangen hir Ae glënnere vu Freed, wéi si mir dëst erzielt. Am Comité vun der "Minièresbunn Doihl" ass si Caissière an hëlleft all Sonndeg wann d'Leit mat der Bunn duerch d'Galerie fueren. "Mir wëllen de Visiteure weisen, wéi d'Leit fréier an der Minn geschafft hunn. Sonndes proposéiere mir eng Visite libre da kënnen d'Leit sech alles ukucken. Wa mir mat Gruppen duerch déi fréier Galerie spadséieren, weise mir hinnen och wei déi pneumatesch Geräter funktionéiert hunn".
Mat hire 57 Joer ass d'Karla bei der Minièresbunn als Maschinistin aktiv. "Mir ginn een nom aneren ugeléiert. Wat mir zu méi sinn, wat et méi einfach fir d'Organisatioun ass. Sou kann dann och emol eng Kéier ee vun eis Sonndes doheem bleiwen". Op der Diesel- an der elektrescher Maschinn kann d'Karla Wangen scho fueren. Aktuell gëtt si op der Barbelsbierger ugeléiert. Des Maschinn fiert tëscht Lasauvage a Saulnes. Dëst ass déi éischt Uertschaft a Frankräich.
Wann ee mat der Lokomotiv fiert, misst een ëmmer u vill Saachen denken. "Wéini schalten ech? Wéini drécken ech? D'Richtungen aleeën, Gas ginn. Et ass aneschtes wéi munch Autoen hautdesdaags. Et ass awer cool". Sou d'Karla wärend eisem Gespréich.
"Duerch intern Formatioune versiche mir de Leit alles dat bäizebréngen, wat si wësse mussen, fir kënne mat enger Lokomotiv ze fueren", sou de Pit Kanz vun der Minièresbunn. "Sou eng richteg Formatioun dauert schonn e puer Joer. Wat ee méi laang fiert, wat ee méi Erfarung kritt. Ee bis zwee Joer ass eng gutt Zäit, bis ee selwer eens gëtt". Begeeschtert ass de Pit Kanz vun der ganzer Technik, déi an enger Lokomotiv stécht.
Mam Karla als Lokfürerin fuere mir mam Zuch vu Lasauvage also eriwwer op Saulnes. Konzentratioun ass den A an den O wärend der Faart. "Wichteg ass et, d'Streck am An ze behalen. Och op d'Reaktiounsfäegkeet kënnt et munchmol un. Reegelméisseg tute mir och. Sou wëssen d'Leit Bescheed, datt en Zuch op der Streck ënnerwee ass". D'Karla huet och en Zil virun Aen. "Ech wëll d'Lok esou am Grëff hunn, datt ech se iergendwann eleng fuere kann". Dobäi glënneren dem Karla Wangen hir Ae vu Begeeschterung. D'Dampmaschinn ass awer nach eng aner Erausfuerderung.
Zanter dem 15. Juli an nach bis de 15. August fiert och scho moies um 11 Auer en Zuch vun der Minièresbunn. Et ginn ëmmer Leit gebraucht fir ze hëllefen. Net nëmme fir mat de Maschinnen ze fueren. Gebraucht gëtt zum Beispill all Sonndeg eng bis zwou Persoune fir d'Keess ze maachen. Reegelméisseg mussen d'Schinnen och ausbalancéiert ginn. Dat heescht an den Niveau setzen. An och baussent der Saison gëtt et Aarbecht. "Am Wanter gi mir d'Minn of a sondéieren op näischt vum Plafond fält".
Ganz beléift ass d'Karla och bei hire Comitésmembere vun der Minièresbunn. Si schwätze vun enger grousser Chance, esou eng polyvalent Damm op hirer Säit ze hunn. "D'Karla ass ganz engagéiert. Ech fannen et flott, dass d'Karla d'Méiglechkeet kritt, fir op de Maschinnen ze fueren. Dat ass eng flott Récompense, déi hatt als Tresorière am Veräi leescht. Sou eng Maschinn ze bedéngen, ass schonns eng Erausfuerderung, en Challenge. Déi Maschinne bedénge sech alleguer verschiddentlech an et ass net einfach, fir vun enger Maschinn op déi aner ëmzeklammen. Do muss een de Geescht op der gereegelter Bunn hunn. Dat huet hat. D'Karla huet de Kapp tëscht de Schëlleren an et ass genau richteg fir dat ze maachen". Sou de Marc Zenner, Comitésmember bei der Minièresbunn.
D'Schmuel-Spuer-Bunn vermëttelt de Leit en Abléck an eng Aarbecht, déi alles anescht ewéi einfach war. Op engem Eisebunnsreseau vu 7 Kilometer kann een an d'Geschicht vun de Mineuren andauchen.
Vun 1878 bis 1978 gouf am "Doihl" Eisenäerz ofgebaut. Zougemaach gouf d'Minn well d'Stolproduiten hautdesdaags op eng aner Manéier hiergestallt ginn ewéi op d'Basis vum Eisenäerz. Nach bis de leschte Sonndeg am September kann een en Tour mat der Minièresbunn maachen. A mat e bëssi Chance huet een dann d'Karla Wangen op der Lokomotiv fueren.
Um Internetsite www.minieresbunn.lu kritt een Informatiounen iwwer d'Auerzäiten an d'Präisser.