Kuriéis Finall am Porsche SupercupChester Kieffer ka sech zu Monza den Titel an der Rookie-Wäertung sécheren

Andy Brücker
Bei der leschter Course vun der Saison gouf reell just eng Ronn Course gefuer, duerno koum et zu sëllege Kollisiounen.
Den Chester Kieffer steet an Ungarn an der éischter Startrei
Chester Kieffer beschten Nowuesspilot am Porsche Supercup 2026.
© Porsche

E Sonndeg ass zu Monza an Italien déi lescht Manche vum Porsche Supercup 2026 gefuer ginn. De Lëtzebuerger Chester Kieffer (CLRT) ass vu Plaz 5 an d'Course gaangen, nieft sengem direkte Konkurrent fir de Rookie-Titel, dem Fransou Paul Cauhaupé op Plaz 6. Eng 4. Plaz war dat, wat den Chester gebraucht huet, fir sech den Titel an der Rookie-Wäertung ze sécheren, egal wéi d'Konkurrenz ofschneit.

Den Andrea Bistrot stoung op der Pole Position an en ass gutt fortkomm. An der éischter Kéier war et nawell enk ginn, ma et koum zum Gléck net zu der gefaarter Kollisioun, déi et zu Monza dann dach dacks gëtt. Den Chester Kieffer huet d'Sortie de secours mussen huelen, soss hätt en d'Kéier net méi kritt. En huet sech duerno nees op Plaz 6 agereit.

An der 2. Ronn huet et ënnert anerem an der éischter Schikan gerabbelt an de Safety Car huet mussen an den Asaz. D'Course gouf kuerz duerno mam roude Fändel komplett gestoppt, well d'Autoen net mat Zäite konnte vun der Streck geraumt ginn.

Van Lagen, Sumich, Vega Dieppa, Burton, Shahin, Galli an Honkavuori hate fréizäiteg Feierowend.

Déi aner Autoen hu sech an der Boxegaass opgereit, wou se dann och deels e bësse vum Schiet profitéiere konnten, well d'Temperature louchen ëm 30 Grad.
Gespaant gouf drop gewaart, wéini d'Course weidergeet, ma d'Opraumaarbechten hu sech an d'Längt gezunn. Um 12:20 Auer koum dunn d'Meldung iwwer Funk, dass d'Course net méi gestart gëtt, well den Zäitplang hannendrun et net erlaabt.

Deemno ass den Chester Kieffer Rookie-Champion am Porsche Supercup 2026!

Et war sécherlech net déi Finall, déi hie sech gewënscht huet, an awer kann hie sech a senger éischter Saison am Porsche Supercup direkt en Titel sécheren.

Dem Chester Kieffer säin Teamkolleeg Flynt Schuring konnt sech jo scho bei der leschter Course den Titel am Generalklassement sécheren. D'Team CLRT ass dann och Champion an der Teamwäertung, woumat et fir CLRT eng perfekt Saison war.

Resultat vun der Course (provisoresch)

1) Andrea Bistrot
2) Robert De Haan
3) Flynt Schuring
4) Marcus Amand
5) Aldo Festante
6) Chester Kieffer
7) Wouter Boerekamps
8) Theo Oeverhaus
9) Gianmarco Quaresmini
10) Dirk Schouten
....

Wéi an ob déi Course elo gewäert wäert ginn, ass zum Zäitpunkt wou dësen Artikel geschriwwe gëtt, nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO