
Kann ee Lëtzebuerger sech dëse Weekend den Titel vum beschten Nowuesspilot am Porsche Supercup sécheren?
Am Kader vum Grousse Präis vun Italien an der Formel 1 gëtt zu Monza och d'Finall vum Markepokal gefuer. Eng Manche viru Schluss läit den Chester Kieffer un der Spëtzt vum sougenannte Rookie-Championnat. Säi gréisste Géigner ass de Fransous Cauhaupé. Den Italieener Bristot huet och nach theoretesch Chancen.
Virum Weekend gëtt den Chester Kieffer sech zimmlech geloossen: "Als Rookie-Leader an d'lescht Course eranzegoen, sinn ech natierlech ganz frou doriwwer. Ech hu mer elo keng wierklech Erwaardunge gesat vu menger Säit. Ech wäert einfach mäi Bescht ginn, esou wéi all anere Weekend schonn dëst Joer. De Circuit vu Monza ass e bësse méi oppe wéi aner Circuiten. Et ass méi e Circuit op Topspeed gesat, dat heescht e bësse méi Iwwerhuelmanövere si méiglech. Mee mir läit de Circuit ganz gutt. Ech fannen e ganz flott. An ech si gespaant wéi et dëse Weekend geet."
Déi lescht Course vum Porsche Supercup kënnt Dir e Sonndeg um 11:40 Auer live op RTL ZWEE an RTL PLAY kucken.