Porsche SupercupStartplaz 5 fir den Chester Kieffer zu Monza

Tom Nols
Leschte Laf vum Porsche Supercup an Italien. Den Chester Kieffer start vu Plaz 5 a muss op d'mannst de 4. ginn, fir de Championstitel bei de Rookien ze sécheren.
© Flatout Studios

E Samschdeg de Moien ass zu Monza an Italien de Qualifying gefuer gi fir déi lescht Manche vum Porsche Supercup. Den Chester Kieffer huet sech als Fënnefte klasséiert a wäert e Sonndeg op de Mëtteg also aus der drëtter Startrei an d'Course goen. Säi schäerfste Konkurrent ëm de Championstitel bei de Rookien, de Fransous Paul Cauhaupé, start nieft him vu Plaz 6. Zu Monza war et en enke Qualifying, an deem de richtege Wandschied eng grouss Roll gespillt huet. 18 Pilote sinn um Enn bannent enger Sekonn gewiescht.

Den Chester Kieffer huet am Klassement vun de Rookien 13 Punkten Avance op de Cauhaupé. Wann de Lëtzebuerger an der Course op d'mannst dee 4. gëtt, huet hien de Rookie-Titel sécher, onofhängeg vum Fransous sengem Resultat. Vun der Pole Position wäert den Andrea Bristot starten. Den Italieener huet am Rookie-Klassement och nach Chancen op den Titel, muss dofir awer wannen an hoffen, dass Kieffer a Cauhaupé ausfalen, respektiv wéineg Punkte maachen.

Eng Course viru Schluss hat dem Chester Kieffer säin Teamkolleeg Flynt Schuring sech schonn den Titel am Generalklassement geséchert. Nach ze verginn ass och den Titel bei dem Teams. Hir Ecurie Schumacher CLRT huet op Plaz 1 aktuell eng Avance vun 22 Punkten.

De leschte Laf vum Porsche Supercup 2026 iwwerdroe mir e Sonndeg vun 11:40 Auer un live op RTL Zwee an RTL Play.

Invalid Date

Back to Top
CIM LOGO