
En Donneschdeg goufen zu Berlin an Däitschland d'Véierelsfinalle vun der Basketball-WM vun den Damme gespillt. An den Halleffinalle stinn d'USA, Frankräich, Däitschland a Spuenien.
Mat engem 93:74-Succès géint den Europameeschter Belsch qualifizéiert sech Däitschland fir d'Halleffinall vun der Weltmeeschterschaft a kann domat weiderhi vun enger Medail am eegene Land dreemen. War d'Féierung vun der Ekipp vum Bundestrainer Olaf Lange no zwee Véierel mat engem Score vun 42:35 nach duerchaus knapp, sou konnte si sech am drëtte Véierel ofsetzen a mat engem Virsprong vu 15 Punkten (74:59) an de Schlussvéierel goen, wou si d'Sensatioun mat enger konstanter Leeschtung perfekt gemaach hunn.
An der Halleffinall trëfft Däitschland domat op Frankräich, déi sech souverän mat 90:61 géint China duerchsetze konnten. Ugefouert vu véier WNBA-Spillerinne war dës Victoire zu kengem Zäitpunkt richteg a Gefor an och um Enn an der Héicht verdéngt. Och dat 2,23 Meter grousst Top-Talent Zhang Ziyu (19) konnt China net méi zréck an de Match bréngen an déi héich Néierlag verhënneren. Fir Frankräich an Däitschland ass et déi éischte Kéier, datt een de Sprong an d'Halleffinalle gepackt huet.
Am beschten opgeluecht waren en Donneschdeg den Owend d'US-Amerikanerinnen. Mat engem spektakulären 108:56 hu si Ungarn reegelrecht aus der Arena geschoss an domat net nëmmen hir Favoritteroll am Match, mee och ëm den Titel däitlech ënnerstrach. Schonn nom éischte Véierel stoung et 36:12 fir d'USA. Ee Gang zréckschalte wollte Stewart, Collier a Co. zu kengem Moment a sou hu si um Enn bal duebel sou vill Punkte geheit wéi hir Konkurrenz aus Ungarn.
Als nächste Géigner vun den USA huet sech Spuenien déi lescht Plaz an der Halleffinall geséchert. Bei der 89:66-Victoire géint Australien hu si vun Ufank un den Toun uginn a louchen nom éischte Véierel scho mat 31:17 vir. Well d'Spuenierinnen dës Féierung och am zweete Véierel op 58:37 ausbaue konnten huet et hinnen net wéigedoen, dass d'Australierinnen am virleschte Véierel zwee Punkte méi gesammelt hunn. Um Enn huet Spuenien d'Victoire souverän iwwer d'Zäit bruecht.
D'Halleffinallen am Iwwerbléck:
Frankräich - Däitschland (Samschdeg um 16:30 Auer)
Spuenien - USA (Samschdeg um 20:00 Auer)