Un Investisseuren FIFA plangt Verkaf vu kommerzielle Rechter un Turnéieren

RTL Lëtzebuerg
Zolidd Kritik un de Pläng vun der FIFA kënnt vun der europäescher Futtballfederatioun.
FIFA President Gianni Infantino speaks during a FIFA reception at Trump Tower in New York on July 17, 2026.
De FIFA-President Gianni Infantino
© AFP

D‘FIFA suergt op en Neits fir Kritik. Dës Kéier mat Pläng fir déi kommerziell Rechter un hire Futtballturnéieren un Investisseuren ze verkafen. Domat kéint d‘FIFA méi wéi 4 Milliarden Dollar erakréien. Dofir géif eng nei Entitéit geschaaft ginn, un där d‘FIFA d‘Majoritéit vun de Parten hätt. Ënnert där Entitéit géifen dann an Zukunft och Weltmeeschterschaften organiséiert ginn.

Déi Europäesch Futtball-Unioun reagéiert mat schaarfer Kritik op dës Pläng. Domat géif eng Grenz passéiert ginn, déi Institutiounen, déi fir de Futtball verantwortlech wieren, ni dierfte passéieren, esou d‘UEFA.

D‘Séil an d‘Féierung vum Futtball wier keng Wuer, scho guer net, wa komplett ontransparent wier, wie finanziell dovu profitéiert. Kee wier de Proprietär vum Futtball. An d‘Fifa kéint dësen och net verkafen, schreift d‘UEFA weider an hirem Statement.

Back to Top
CIM LOGO