FuttballRoberto Mancini nees Trainer vun der italieenescher Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
2021 hat hien Italien zum EM-Titel verhollef. Elo ass de Roberto Mancini nees zréck um Trainerstull vun der Squadra Azzura.
Nees zréck um italieenesche Trainerstull: De Roberto Mancini.
© AFP

De Roberto Mancini ass nees Trainer vun der italieenescher Futtballnationalekipp. Dat huet de Chef vum italieenesche Futtballverband Giovanni Malago en Dënschdegnomëtteg confirméiert. Domat ass et de Retour vum 61 Joer ale Cheftrainer, deen Italien 2021 zum EM-Titel verhollef huet.

Zanter dem Récktrëtt vum Gennaro Gattuso nom batteren Out géint Bosnien Herzegowina an de Playoffe fir d'WM 2026 hat Italien nach keen neien Trainer fonnt. Bei der 1:0-Victoire am Testmatch géint Lëtzebuerg hat de Silvio Baldini den Trainerstull interimsweis iwwerholl an dobäi vill Jonker fir d'Squadra Azzura nominéiert.

An deene leschte Wochen hat dann de Paolo Maldini, dee mëttlerweil als Techneschen Direkter demissionéiert huet, probéiert, ënner anerem de Pep Guardiola an och de Carlo Ancelotti unzelackelen. Wéi dat awer näischt ginn ass, hat een den Andrea Pirlo als méigleche Kandidat am Aen, ma hei stoung eng Kooperatioun vum fréieren italieeneschen Nationalspiller mat engem russesche Wett-Ubidder am Wee.

Elo huet ee mam Roberto Mancini eng Léisung fonnt, déi eebe rezent mam EM-Titel op d'mannst bei kontinentale Competitioune Succès bruecht huet. De Kontrakt leeft bis 2029.

Weider rezent Trainerwiesselen

Back to Top
CIM LOGO