Elo ass et offiziellZinédine Zidane gëtt franséische Futtballnationaltrainer

Sam Rickal
Déi franséisch Futtballfederatioun huet de fréieren Trainer vu Real Madrid en Dënschdeg als Successeur vum Didier Deschamps offiziell annoncéiert.
© AFP (Archiv)

De 54 Joer ale Fransous, dee mat Frankräich als Spiller Welt- an Europameeschter gouf, huet e Kontrakt bis no der Weltmeeschterschaft 2030 ënnerschriwwen. "Ech hunn et dacks gesot, fir mech gëtt et näischt méi Grousses, wéi déi franséisch Nationalekipp. Vun dohier ass et eng Freed an natierlech eng grouss Éier, Trainer vun dëser franséischer Nationalekipp ze ginn. Et ass awer och eng Verantwortung", sou de Zidane an dem offizielle Communiqué vun der franséischer Federatioun.

No senger aktiver Spillerkarriär gouf den 3-fache Weltfuttballer 2013 Co-Trainer bei Real Madrid a war och do an der Suite Trainer am Jugendberäich. Vun 2016 bis 2018 souz hien du bei der éischter Ekipp vun de Madrileenen op der Trainerbänk a konnt an der Zäit dräimol noeneen d'Champions League gewannen. No enger kuerzer Paus huet den Zidane Real Madrid nach eng Kéier vu Mäerz 2019 bis Juni 2021 trainéiert, zanterhier hat hie kee Veräi méi.

Säi Virgänger Didier Deschamps stoung 14 Joer laang bei der franséischer Nationalekipp an der Responsabilitéit. Hien hat well virun der WM annoncéiert, net méi wëlle weider ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO