Lëtzebuerger Futtballer am AuslandWiesselt de Leandro Barreiro a Saudi-Arabien?

RTL Lëtzebuerg
Dat behaapten op allefall saudi-arabesch Medien. De Lëtzebuerger soll hire Berichter no fir 15 Milliounen Euro bei Al-Itthiad ënnerschreiwen.
© NurPhoto via AFP

De 26 Joer ale Mëttelfeldspiller soll de Rumeuren no e Kontrakt iwwer 4 Joer beim Veräin aus der éischter saudi-arabescher Divisioun kréien. Op de soziale Medien huet weder Al-Ittihad, nach Benfica Lissabon an och net de Leandro Barreiro dëst confirméiert.

Den 73-fachen Nationalspiller ass d'lescht Joer vun 1. FSV Mainz bei de portugisesche Rekordchampion gewiesselt an hat deemools e Kontrakt bis 2029 ënnerschriwwen. Deemno wier de Leandro Barreiro réng prinzipiell nach 3 Saisonen u Benfica Lissabon gebonnen.

Mam Anthony Moris spillt jo aktuell well de Lëtzebuerger Nationalgolkipp bei Al-Khaleej a Saudi-Arabien.

Back to Top
CIM LOGO