Apnoe-TauchenAlexey Molchanov verbessert säin eegene Weltrekord

Tom Hoffmann
Am Summer ginn et vill Leit, déi mat Fläschen tauchen oder schnorchelen.
© YANN COATSALIOU/AFP

Wien eppes beim Schnorchelen eppes Interessantes ënnert Waasser entdeckt, hält och emol kuerz d'Loft un, fir e Fësch oder eng Korall méi genee ze kucken.

Déi meescht Leit packen et awer just e puer Sekonnen oder vläicht eng Minutt, fir Loft unzehalen. Apnoetaucher kënnen d'Loft dogéint e puer Minutten unhalen an dobäi nach an enorm Déiften tauchen.

Ee vun de Beschten a sengem Fach ass den Alexey Molchanov. De russeschen Apnoetaucher huet rezent nees e Weltrekord opgestallt.

An der Disziplin "Constant Weight Bifins", also mam selwechte Gewiicht an zwee getrennte Flossen, ass de Molchanov op 129 Meter Déift gedaucht. Domat huet hien säin eegene Weltrekord ëm ee Meter verbessert.

Fir dëse Versuch huet de Molchanov 4 Minutten an 33 Sekonnen d'Loft ugehalen.

Et ass schonn den 43. Weltrekord a senger Karriär.

Back to Top
CIM LOGO