Beim Format "99 Laps" mussen d'Athleten an d'Athletinnen all 15 Minutten eng Ronn vun 1,2 Kilometer lafen. No all Ronn gëtt déi Persoun eliminéiert, déi als Lescht iwwer d'Arrivée kënnt. Wärend 10 Ronne goufe souguer ëmmer zwou Persounen eliminéiert.
Fir de Bob Scholtes war domat séier kloer, datt hie seng Taktik un dëst speziellt Format misst upassen. Och wann et méi Kraaft gespuert hätt, hannen am Feld ze bleiwen, wollt hie kee Risiko agoen.
"Well ech net de schnellste Leefer sinn, wollt ech ëmmer vir lafen, fir dass et guer net an déi Situatioun kënnt, datt ech rausfléie kéint."
Dës Taktik ass opgaangen. Eréischt no 86 Ronne war fir de Lëtzebuerger Schluss. Mat enger duerchschnëttlecher Pace vu 5:17 Minutte pro Kilometer ass hien op eng Gesamtdistanz vun 103,2 Kilometer an iwwer 18 Stonne komm. Eng Leeschtung, mat där hie ganz zefridden ass.
Eng speziell Virbereedung op den "99 Laps" hat de Bob Scholtes net. De Lëtzebuerger leeft am Alldag tëscht 120 an 160 Kilometer pro Woch an huet den Event éischter als eng Trainingskompetitioun ugesinn.
"Et freet ee sech heiansdo, ob ee séier oder gutt genuch fir esou e Format ass. Mee duerch meng Erfarunge ginn ech ëmmer méi confiant a mech selwer a weess, datt ech dat hikréien."
Dës Erfarungen deelt de jonke Leefer och reegelméisseg mat senger Communautéit an de soziale Medien. De Lëtzebuerger ass virun allem duerch säin Inhalt ronderëm Ausdauertraining bekannt a kënnt op Instagram mëttlerweil op 21.000 Follower. An de leschte Joren huet hien un e puer Marathonen, Ultramarathonen, Ironman-Coursen an um Last Soul Ultra deelgeholl.
Seng nächst grouss Course ass am August de Last Soul Ultra. Bei dësem Event mussen d'Participanten all Stonn 6,7 Kilometer lafen. Wien eng Ronn net méi bannent der Zäit packt oder opgëtt, scheet aus.
Nieft dem Bob Scholtes war och de Gil Nicola fir Lëtzebuerg um Start. De Sportler, dee virun allem an der Hyrox-Zeen bekannt ass, ass no 49 Ronnen eliminéiert ginn. Mat bal 60 gelafene Kilometer huet hien de Concours op der 69. Plaz ofgeschloss.
De Gewënner vum 99 Laps ass den Norman Junker, deen no 24 Stonnen a 45 Minutte knapp 120 Kilometer gelaf ass.