E Sonndeg de Moie stoung zu Réimech den Ironman virun der Dier. Um fréie Moien hunn d'Organisateure awer matgedeelt, datt wéinst Bloalgen net an der Musel ka geschwomme ginn.
Déi 1,9 Kilometer sinn deemno ausgefall an aus dem Triathlon ass doduerch quasi en Duathlon ginn. D'Athleten an Athletinnen haten ëmmer nach déi 90 Kilometer Vëlofueren an 21,1 Kilometer Lafen um Programm stoen.
Doduerch, datt d’Schwamme wech gefall ass, gouf de Start e bëssen adaptéiert. Lass goung et ëm 8:25 Auer bei agreabelen 21 Grad. Wat d'Course méi laang gedauert huet, gouf et méi waarm, dofir huet ee sech missen ofkillen.
Virun 11 Auer sinn dunn déi éischt vum Rad geklommen, ënner anerem och d'Lëtzebuerger Moris Brust an Adrien Rossignon. Leschtgenannte konnt sech dunn am Lafen duerchsetzen a mat enger Zäit vun 3 Stonnen, 46 Minutten an 18 Sekonnen de Championstitel feieren.
D’Schlussvictoire vum Ironman bei den Häre goung un de Belsch Jente Van Mulders, dat mat enger Zäit vun 3 Stonnen, 37 Minutten an 51 Sekonnen.
Bei den Damme war eng Lëtzebuergerin déi grouss Gewënnerin vum Ironman. D’Anna Reiff ass no 4 Stonnen, 3 Minutten an 37 Sekonnen op d’Arrivée komm a konnt sou nieft dem Ironman och de Lëtzebuerger Championstitel feieren.
1. Anna Reiff 04:03:37
2. Sophie Hermes 04:25:13
3. Stephanie Peller 04:40:20
1. Adrien Rossignon 03:44:28
2. Moris Brust 03:46:18
3. Charel Wurth 03:58:51