An der Nuecht op e Méindeg huet sech England mat enger 3:2-Victoire géint Mexiko den Ticket fir d'1/4-Finall geséchert. Wéinst enger Blëtz-Gefor ronderëm den Azteke-Stadion zu Mexiko City war de Match réischt mat enger Stonn Retard ëm 3:00 Auer ugepaff ginn. No zwee Goler bannent zwou Minutte louch England an der 38. Minutt a Féierung, déi Mexiko dann awer nach virun der Paus am Numm vum Julian Quinones verkierze konnt. Nom Säitewiessel huet de Kane dann trotz Ënnerzuel, wéinst enger rouder Kaart fir England, vum Eelefmeterpunkt op 3:1 erhéicht. Mexiko konnt zwar op en Neits verkierzen, ma fir den Ausgläich sollt et trotz grousse Beméiungen um Enn net méi duergoen.
Zu New York (New Jersey) stounge sech e Sonndeg den Owend eiser Zäit Brasilien a Norwegen géigeniwwer. No 90 intensive Minutten setzt sech um Enn Norwegen mat 2:1 géint Brasilien duerch a steet sensationell an der 1/4-Finall. Den Erling Haaland huet mat sengen zwee Goler an der Schlussphase fir d'Entscheedung gesuergt. An der 1/4-Finall waart elo England.
0:1 Bellingham (36'), 0:2 Bellingham (38'), 1:2 Quinones (42'), 1:3 Kane (60'), 2:3 Jimenez (69')
Mat enger Stonn Retard ass de Ball am Azteke-Stadion endlech gerullt. Et war eng relativ roueg Ufanksphas, an där sech béid Ekippe fir d'éischt mol bëssen ofgetaascht hunn. Eng éischt gutt Chance haten dann d'Mexikaner no enger véierel Stonn, wou den Jordan Pickford awer de Käpper vum Raul Jimenez mat engem staarke Reflex nach sou just aus dem ënneschten Eck fësche konnt.
Nodeems de Match weider relativ zéi war, stoung et no 38 Minutten op eemol 2:0 fir d'Three Lions. No enger Parad vum Jordan Pickford gouf de Ball vum Declan Rice mat vill Tempo no vir gedroen an op d'Säit op de Bukayo Saka gespillt. Deen huet de Ball dann an d'Mëtt geflankt, wou den Jude Bellingham mam Kapp op 1:0 stelle konnt. Nëmmen zwou Minutten drop war et op en Neits de Bellingham, deen dës Kéier no engem mexikanesche Ballverloscht an engem Zouspill vum Harry Kane direkt op 2:1 erhéicht huet.
Mexiko ass et awer nach virun der Paus gelongen, eng Äntwert ze weisen. No engem Fräistouss, deen an de Strofraum geflankt gouf, war de Ball virun d'Féiss vum Julian Quinones gesprongen. Deen huet per Volley ofgezunn an op 1:2 verkierzt. An de weidere Minutten huet een dann e Powerplay vu Mexiko gesinn an en 2:2 louch déck an der Loft. Ma virun allem den Jordan Pickford konnt den Ausgläich mat e puer gudde Parade verhënneren an England mat der Féierung an d'Paus schécken.
An der zweeter Hallschent ass et dann änlech interessant weidergaangen, wéi déi éischt opgehalen hat. England war eigentlech gutt aus de Vestiairë komm, huet dann awer e Réckschlag astieche missen. Den Jarell Quansah war nämlech mat engem gestreckte Been an den Zweekampf gerutscht an huet säi Géigespiller dobäi iwwert dem Knéchel getraff. Nodeems sech den Arbitter d'Biller nach eemol ugekuckt huet, war et déi richteg Decisioun, den Englänner mat Rout vum Terrain ze schécken.
Eng gutt Noricht gouf et fir d'Three Lions dann awer kuerz drop nees. Well de Golkipp liicht ze spéit rauskomm war, huet hien de Gordon zum Fale bruecht a sou ass dem Arbitter näischt anescht bliwwen, wéi op den Eelefmeterpunkt ze weisen. Den Harry Kane ass ugelaf a konnt äiskal op 3:1 erhéijen. Den engleschen Top-Buteur sollt e puer Minutten drop da fir ee weideren Eelefmeter suergen, dat dës Kéier awer am eegene Strofraum. Am Zweekampf huet hien de Gutierrez vun ënnen um Fouss getraff a sou huet den Arbitter op en Neits nom Asaz vum VAR op de Punkt gewisen. De Raul Jimenez ass äiskal bliwwen a konnt nees verkierzen.
An der Schlussphas ass et da sou gutt wéi just nach an eng Richtung gaangen, an zwar Richtung englesche Gol. Mexiko huet alles dru gesat, fir nach den Ausgläich ze fannen, konnt trotz 11 Minutten Nospillzäit awer kee weidere Gol méi schéissen. Um Enn sollt et also bei enger knapper 3:2-Victoire fir d'Englänner bleiwen.
0:1 Haaland (79'), 0:2 Haaland (90'), 1:2 Neymar (90+10')
Norwegen ass mat 100 à l'heure an de Match gestart an huet no dräi Minutten dann och eng éischte Kéier markéiert. No engem Pass vum Ödegaard stoung de Sörloth awer am Abseits, sou dass säi Gol vum Arbitter huet missen zeréck gepaff ginn. Déi éischt 10 Minutten hunn den Norweger gehéiert, si hu sech reegelrecht virum Gol vun de Brasilianer konnte festsetzen. Quasi aus dem Näischt krut Brasilien an der 14. Minutt dunn een Eelefmeter gepaff. No engem Foul vum Ajer um Cunha huet de Guimaraes d'Nerve vum Punkt awer net behalen. Säi Schoss sollt vum Nyland am Gol vun den Norweger paréiert ginn.
Béid Ekippen hu sech an der Suite vun der 1. Hallschent net vill geschenkt, et war een immens intensive Match, mat Chancen op béide Säiten. Op Säite vu Brasilien haten de Vinicius Junior a Guimaraes déi beschte Geleeënheeten, konnten déi awer net notzen. Norwegen hat sengersäits kuerz virun der Paus duerch den Ödegaard eng weider Topp-Chance, den Alisson sollt awer paréieren. E Gol sollt an deenen éischte 45 Minutten awer net falen.
Nom Säitewiessel huet sech laang Zäit en identescht Bild wéi an der 1. Hallschent gewisen. Brasilien stoung immens déif an der eegener Hallschent, iwwerdeems d'Norweger géint eng kompakt Brasilianesch Defense keng Léisunge fonnt hunn. Em déi 60. Minutt a mat der Awiesslung vum Endrick sollt de Match awer u Schwong gewannen. Endrick a Rayan hunn hir Chancë verginn. Op der anerer Säit huet den Haaland de Gol nëmme knapp verpasst, säi Schoss an der 67. Minutt sollt nëmmen hoersbreed de Gol verfeelen. 12 Minutten drop mécht de Stiermer vu Manchester City et besser. No enger Flank vum Schjelderup steet den Norweger an der Loft an hummert de Ball per Kapp an de Filet.
Brasilien war wuel beméit de Réckstand ze egaliséieren, gutt Chancen den Ausgläich ze realiséieren sinn awer net méi wierklech dobäi eraus gesprongen. Am Géigendeel. An der 90. Minutt suergt op en Neits den Erling Haaland fir d'Entscheedung. An der 10. Minutt vun der Nospillzäit krut Brasilien wuel nach en Eelefmeter zougesprach, deen de Neymar dann och am Filet sollt ënnerbréngen. Kuerz drop war awer Schluss zu New York. Brasilien muss d'Heemrees untrieden, iwwerdeems d'Märche vun Norwegen an eng nächst Ronn geet.
Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.