European League am VolleyballLëtzebuerg verléiert no serréiertem Match mat 0:3 géint Griicheland

RTL Lëtzebuerg
Domat hunn d'Rout Léiwe vun hire sechs Matcher an deene leschten dräi Woche kee konnte wannen.

Am Kader vun der CEV European League 2026 krut Lëtzebuerg et e Sonndeg am Gymnase vun der Coque mat Griicheland ze dinn. No der däitlecher 0:3-Néierlag e Freideg géint Éisträich wollten d'Spiller ronderëm de Kapitän Gilles Braas sech virun eegenem Public besser aus der Affaire zéien.

An dat sollt de Lëtzebuerger trotz der Néierlag géint Griicheland dann och geléngen. 

An engem serréierten 1. Saz, bei deem et hin an hier gaangen ass, hunn d'Rout Léiwe laang matgehalen, éier ee sech um Enn awer mat 22:25 huet misse geschloe ginn.

Een änlecht Bild huet sech am zweete Saz gewisen. 20:20-Gläich stoung et, éier Griicheland sech mat 22:20 liicht ofsetze konnt an och den zweete Saz mat 25:22 fir sech entscheede konnt.

Am drëtte Saz hunn d'Rout Léiwe gutt ugefaangen an hu probéiert, weider um Drécker ze bleiwen. Griicheland louch tëschenduerch awer mat 4 Punkte vir.

Um Enn sollt et nach emol ganz spannend ginn, konnt Lëtzebuerg op 23:23 ausgläichen. D'Spectateuren an der Coque hunn zu dësem Zäitpunkt en héich spannenden an dramatesche Match gesinn. Et ass hin an hier gaangen.

Mat 33:31 ka sech Griicheland um Enn am 3. Saz behaapten a gewënnt de Match mat 3:0 (25:22, 25:22, 33:31).

Eng onglécklech Néierlag deemno fir Braas a Co. no enger kämpferescher Leeschtung.

Back to Top
CIM LOGO