Championnat am SchwammenRémi Fabiani a Finn Kemp bestätegen hir gutt Form

Bern Thill
De Weekend stoungen déi national Meeschterschaften am Schwammen um Programm – en vue vun den Europameeschterschaften zu Paräis an zwou Woche war dat eng gutt Generalprouf.

Sechs Hären an zwou Damme wäerte Lëtzebuerg an dräi Wochen zu Paräis op den Europameeschterschafte vertrieden. Sie waren all op den nationale Meeschterschaften am Asaz, mat Ausnam vum Emma Barthel, wat zu München op der Junior-EM schwëmmt.

Déi national Meeschterschafte waren op fir auslännesch Veräiner, esou gouf et Konkurrenz fir d'Lëtzebuerger Schwëmmer.

De Finn Kemp konnt am 100 Meter Brasse als éischten uschloe, dat mat engem exzellente Chrono vun 1:01:73. De Joao Carneiro gouf véierten an hofft, zu Paräis Vertraue kënnen ze tanken.

De Rémi Fabiani koum virun e puer Deeg zréck aus de Vereente Staaten an ass net ënner ideale Konditiounen ugetrueden. D'Ëmstellung vum Yards Basseng op d'olympesch Distanz an der Coque ass net evident, kënnt nach d'Zäitverschibung derbäi.

An trotzdeem konnt de 25 Joper alen Athlet seng exzellent Performancen am klenge Basseng och am groussen an der Coque bestätegen. Mat engem Chrono vun 48 Sekonne 85 am 100 Meter Crawl blouf de Rémi Fabiani nëmme 25 Honnertstel vum Ralph Daleiden sengem nationale Rekord ewech.

Am 50 Meter Papillon gouf de Rémy Fabiani och éischten, net wäit vum Julien Henx sengem Nationale Rekord fort, deen zweeten an dëser Course gouf. De Florian Frippiat gouf drëtten.

Back to Top
CIM LOGO