Tour de France: 9. EtappMathieu van der Poel gewënnt aus der Echappée eraus

Christophe Jost
Et ass dem van der Poel seng drëtt Etappevictoire beim Tour de France, iwwerdeems den Tadej Pogacar a Giel bleift.
TOPSHOT - Alpecin - Premier Tech team's Dutch rider Mathieu van der Poel cycles to the finish line to win the 9th stage of the 113th edition of the Tour de France cycling race, 154,6 km between Malemort and Ussel in central France, on July 12, 2026. (Photo by Loic VENANCE / AFP)
Mathieu van der Poel feiert seng Victoire op der 9. Etapp
© AFP

Eng Echappée mat ënner anerem dem Tom Pidcock a Mathieu van der Poel louch laang un der Spëtzt a konnt sech ni méi wäit wéi 1 Minutt 30 vum Peloton ofsetzen. No engem haarde Kampf ass et um Enn fir si awer sou just duergaangen, d'Etappevictoire ënnert sech auszemaachen.

Hei war de Mathieu van der Poel de Stäerksten a gewënnt déi 9. Etapp virum Tobias Johannessen, Tom Pidcock an dem Alex Baudin. De Grupp mat de Favoritten am General hat op der Arrivée e Réckstand vu 6 Sekonnen.

Am General bleift den Tadej Pogacar a Giel, dat mat 2 Minutten a 42 Sekonne Virsprong op de Jonas Vingegaard.

Den Alex Kirsch ass virun allem am Ufank eng couragéiert Course gefuer an huet et ëmmer nees probéiert, fir et mat an d'Echappée ze packen. Um Enn klasséiert sech de Lëtzebuerger mat iwwer 17 Minutte Retard op der 129. Plaz.

Am General läit de Coureur vu Cofidis op der 101. Plaz.

Tour de France: 9. Etapp - leschte Kilometer am Replay
De Mathieu van der Poel huet déi 9. Etapp aus der Echappée eraus gewonnen.

Wéinst den héijen Temperaturen a Frankräich an der "Alerte rouge" hunn d'Organisateure vum TDF d'Etapp vun ursprénglech 188,5 op 155,5 km verkierzt.

Déi lescht Etapp virum Roudag ass duerch de Massif central am Departement Corrèze gaangen – eng wallonéiert Etapp, bei där 3.300 Héichtemeter op d'Coureure gewaart hunn. An deenen éischte Kilometer goufen et ëmmer nees vill Attacken, dorënner och den Alex Kirsch (Cofidis), dee sech an enger éischter Phas zesumme mam Quinten Hermans a Stefano Oldani vum Peloton ofsetze konnt.

Kuerz dorop sollten déi dräi awer nees vum Peloton agefaange ginn, dat well Lidl - Trek fir de Mads Pedersen kee wollt fort loossen. Den Tëschesprint bei Kilometer 44.9 huet dann och de Mads Pedersen virum Biniam Girmay an dem Jasper Philipsen gewonnen.

Cofidis team's Luxembourgish rider Alex Kirsch (R), Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team's Belgian rider Quinten Hermans (C) and Caja Rural - Seguros RGA team's Italian rider Stefano Oldani (L) cycle in a breakaway during the 9th stage of the 113th edition of the Tour de France cycling race, 154,6 km between Malemort and Ussel in central France, on July 12, 2026. (Photo by Anne-Christine POUJOULAT / AFP)
Cofidis team's Luxembourgish rider Alex Kirsch (R), Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team's Belgian rider Quinten Hermans (C) and Caja Rural - Seguros RGA team's Italian rider Stefano Oldani (L) cycle in a breakaway during the 9th stage of the 113th edition of the Tour de France cycling race, 154,6 km between Malemort and Ussel in central France, on July 12, 2026. (Photo by Anne-Christine POUJOULAT / AFP)
© AFP

Am Col Suc au May, e Bierg vun der 2. Kategorie an déi schwéierst Aufgab vum Dag, hunn ëmmer nees eng sëlleg Coureure versicht, sech ofzesetzen. Schlussendlech konnte sech aacht Léit ofsetzen, dorënner bekannten Nimm wéi Tom Pidcock, Quinn Simmons, Halland Johannessen a Mathieu van der Poel.

Méi wéi 1 Minutt an 20 Sekonne krute se awer kee Virsprong vun UAE, déi de Grupp vun de Favoritten ëm de General ugefouert hunn.

Tour de France – 9. Etapp (Resumé)
De Mathieu van der Poel konnt déi 9. Etapp fir sech entscheeden.

Eng 15 Kilometer virun der Arrivée louchen den Alex Baudin, Mathieu van der Poel, Tom Pidcock a Tobias Johannessen eng 55 Sekonne virum Peloton, an deem sech och de Mads Pedersen opgehalen huet. Et war en haarde Kampf fir d'Echappée, fir de Virsprong ze halen, wat hinne bis op d'Arrivée awer gelénge sollt.

Am Sprint huet sech dunn de Mathieu van der Poel virum Halland Johannessen duerchgesat. Mat 6 Sekonne Retard sinn d'Favoritten am General iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Tour de France: 9. Etapp (Replay)
Mathieu van der Poel gewënnt aus der Echappée eraus


D'Resultater




Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO