VëlossportNina Berton wënnt d'Course Pointe du Raz a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
D'Nina Berton huet e Sonndeg déi éischt grouss Victoire an hirer Karriär gefeiert.
Nina Berton (Archivbild)
© Roland Miny (Archiv)

D'Nina Berton huet e Sonndeg de Mëtteg d'Een-Dagescourse Pointe du Raz a Frankräich gewonnen. Nom Depart op der Pointe du Raz war et iwwer 129,5 Kilometer op Plouhinec gaangen, wou sech déi 25 Joer al Lëtzebuerger Coureuse am Sprint virun der Spuenierin Paula Blasi an der Fransousin Célia Gery duerchsetze konnt.

Fir d'Nina Berton ass dat déi éischt grouss Victoire an hirer Karriär.

Back to Top
CIM LOGO