Tour de France: 11. EtappIwwerraschend norwegesch Victoire am Sprint

Charel Meyers
Den Norweger Soren Waerenskjold iwwerrascht déi grouss Sprinter. Domadder gewënnt Uno-X Mobility hir éischten Etapp an dësem Tour de France.
Tour de France - 11. Etapp (Resumé)

Am Massesprint zu Nevers setzt sech den Soren Waerenskjold virum Olav Kooij an dem Jasper Philippsen duerch. De Belsch war nodréiglech deklasséiert, esou datt de Milan Fretin zu deem Ament als Drëtte gewäert gouf. Ma d'Ekipp vum Philippsen hat Protest géint dës Decisioun ageluecht an huet Recht kritt, dowéinst krut hie seng drëtt Plaz zeréck. Dem Fretin, deen domadder nees Véierten ass, säi Coequipier an eenzege Lëtzebuerger am Tour Alex Kirsch gëtt den 129. mat engem Retard vu 36 Sekonnen.

Am Generalklassement gouf et keng gréisser Ännerungen. Hei bleift de Slowen Tadej Pogacar am giele Maillot, dëst virum Dän Jonas Vingegaard an dem Belsch Remco Evenepoel. Den Alex Kirsch ass hei den 108.

TDF 11. Etapp de leschte Kilometer
No de schwéiere Biergetappe waren e Mëttwoch nees d'Sprinter gefuerdert.

Et goung vu Vichy iwwer 161,3 flaach Kilometer op Nevers. No dem schwéieren Dag vu gëschter am Massif Central, haten haut rëm d'Sprinter d'Chance, hir ganz Qualitéiten ze beweisen. No engem séieren Depart hat sech eng kléng Echappée vu 4. Coureuren op de Wee a Richtung Nevers gemaach. Mat un der Spëtzt war keen anere wéi de fréiere Weltmeeschter Julian Alaphilippe.

Den Tempo war extrem héich op dëser 11. Etapp an sou gouf déi éischte Stonn mat enger Moyenne vun 53 Kilometer an der Stonn gefuer. D'Ekipp vum Sprinter Tim Merlier hat direkt d'Initiativ ergraff an der Echappée net méi wéi 2 Minutten Avance ginn. 6 Kilometer virun der Arrivée gouf d'Echappée dunn agefaangen.

Op de leschte Metere war den Waerenskjold dee Séiersten a konnt seng ganz Stäerkt beweisen.

Tour de France - 11. Etapp (Replay)


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO