Mat ënner anerem der Strooss, dem Cyclo-Cross an neierdéngs dem Gravel-Bike probéiert sech de Mountainbike géint eng ganz Rëtsch Vëlos-Disziplinnen ze behaapten. Ganz einfach behaapte konnt sech beispillsweis d’Fabienne Schaus. Si konnt e Sonndeg hiren 11. Championstitel am Cross-Country Mountainbike feieren, war allerdéngs eleng bei der Dammen-Elite um Depart.
Och wann hir Zäit vun enger Stonn, 22 Minutten a 6 Sekonnen op dem usprochsvolle Parcours um Gaalgebierg alles anescht wéi schlecht war, ass et awer kee gutt Zeechen, datt nëmmen eng Damm bei der Elite mat dobäi war.
Fabienne Schaus: "Villäicht war et och e bëssen dowéinst, datt Verschiddener sech elo net esou erugetraut hunn, well se net dat ganzt Joer duerch Mountainbike fueren an dann ass et schonn eng schwéier Streck. Natierlech ass et schued, wann een net méi Dammen um Depart huet, well dann ass et ëmmer e bëssen sou ee Solo-Ritt."
Op der Säit vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun ass ee sech dem Problem vun de Participanteë bewosst, mee do kuckt een trotzdeem positiv an d' Zukunft.
Camille Dahm - FSCL-President: "Mir hunn net esou vill Dammen, mir hunn zwar eng Qualitéit bei den Dammen. Mee mir sinn amgaangen do och drun ze schaffen. Ënne erop hu mer elo iwwer 200 Joer Lizenzen. Ech hunn d' Meedercher dobäi. Dat heescht, an den nächste Jore wäert et besser ausgesinn."
E 5,1 Kilometer laange Parcours ronderëm de Stade Emile Mayrisch, dem Futtball-Terrain vun der Escher Fola, haten d'Coureuren e Sonndeg hannert sech ze bréngen. D'Elite bei den Hären huet 6 Tier misse fueren. Séierste war den Tijay Heinen, deen no enger Stonn, 26 Minutten a 42 Sekonnen op d'Arrivée koum.
De Coureur vum Cycling Team Toproad Roeserbann hat um Enn eng Avance vun enger Minutt an 2 Sekonne virun sengem Co-Equipier Lucas Van den Abeele an enger Minutt an 41 Sekonne virun dem Raphaël Kockelmann.
Tijay Heinen: "Ech si ganz zefridden. Ech hu mech laang drop virbereet, net just fir déi heite Course, mee ech menge fir déi ganz Saison. Ech fuere vill am Ausland och UCI-Courssen, also an der Belsch, Holland an Däitschland. Mee et war awer e grousst Zil, deen hei Tricot elo erëm ze kréien nom lescht Joer, wou ech en net konnt verdeedegen. Ech si frou, deen elo erëm kënnen och am Ausland ze droen."
Bei den Espoire goung den Titel bei den Hären un de Rick Meylender an bei den Dammen un d'Layla Barthels.