Tour de France: 10. EtappVictoire fir de Maillot Jaune um franséischen Nationalfeierdag

Charel Meyers
Den Tadej Pogacar gewënnt och déi 10. Etapp am Tour de France a baut säi Virsprong op d'Konkurrenz weider aus.
Tour de France - 10. Etapp (Resumé)

Op dem dach extrem schwéieren Terrain konnt sech den Tadej Pogacar virum Remco Evenepoel an dem Paul Seixas duerchsetzen. Am General gouf et eng gréisser Ännerung. Hei ass de Sloween ëmmer nach am giele Maillot, dëst virum Jonas Vingegaard. Neien Drëtten ass de Belsch Remco Evenepoel. Den eenzege Lëtzebuerger am Feld Alex Kirsch koum als 103 mat engem Retard vu 36 Minutten an 11 Sekonnen un.

De leschte Kilometer vun der 10. Etapp
Den Tadej Pogacar wënnt en solitaire

Déi 10. Etapp goung vun Aurillac erop op de Le Lioran. Hei konnt sech de Jonas Vingegaard virun zwee Joer virum Tadej Pogacar duerchsetzen. Ma haut um franséischen Nationalfeierdag hate vill Coureure grouss Interessi sech un der Spëtzt ze weisen. Esou ass no ronn 50 Kilometer Course e Grupp vun 31 Coureure fort komm. Kuerz drop gouf hannen am Peloton eng Chute gemellt. Do war dann och de Lëtzebuerger Alex Kirsch mat dra verwéckelt.

De Peloton gouf weiderhi vun der Ekipp UAE Emirates XRG kontrolléiert an d’Spëtzt krut ni méi wéi 2 Minutten Avance. Nodeems d'Spëtzt agefaange gouf hat de Richard Carapaz vun der Ekipp EF-Education-Easypost attackéiert. Kuerz virum Sommet vum Col de Pertus hat de Maillot Jaune attackéiert a seng ganz Konkurrenz stoe gelooss.

Hie gewënnt dës Etapp en solitaire virum Remco Evenepoel an dem Paul Seixas. Den Alex Kirsch koum mat engem gréissere Grupp zesummen iwwert d'Linn, déi alleguer 36 Minutten an 11 Sekonne Retard haten. De Lëtzebuerger gëtt als 103. gewäert a läit am Generalklassement elo op der 108. Plaz mat engem Retard vun iwwer 2 Stonnen an 18 Minutten.

Tour de France - 10. Etapp (Replay)


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO