Tour de France: 1. EtappVisma Lease a Bike gewënnt Ekippen-Zäitfueren, Jonas Vingegaard am Giele Maillot

RTL Lëtzebuerg
An de Stroosse vu Barcelona war den Dän dee Séierste vu senger Ekipp. De Favorit an amtéierenden Tour-de-France-Gewënner Tadej Pogacar gouf den Drëtten.
Tour de France - 1. Etapp (Resumé)

E Samschdeg war den Optakt vum 113. Tour de France zu Barcelona. Op dem 19,6 Kilometer laange Parcours laanscht d'Sagrada Familia, de Carrer de Llull an de Passeig de Santa Madrona hat et laang no enger Victoire vun Netcompany Ineos ausgesinn, mee Visma Lease a Bike konnt an der Persoun vun hirem Leader Jonas Vingegaard nach déi séierst Zäit fueren. Domat duerft den Dän och direkt de Maillot Jaune undoen, deen hien an den nächsten Deeg verdeedege wëll. Zweete gouf de Filippo Ganna fir Netcompany Ineos.

Tour de France: 1. Etapp - Jonas Vingegaard wënnt Ekippenzäitfueren

D'Ekipp UAE Emirates vum Tadej Pogacar war och gutt opgeluecht, koum awer net un d'Zäit vum Vingegaard erun. De Pogacar ass déi drëttbescht Zäit gefuer. Och Lidl-Trek a RedBull-Bora-Hansgrohe waren no drun, d'Zäit vun Netcompany Ineos respektiv Visma Lease a Bike ze ënnerbidden, mee um Enn sollten e puer Sekonne feelen.

D'Ekipp Cofidis koum mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 17 Sekonnen op déi 19. Plaz ënner 23 Ekippen. Den Alex Kirsch konnt den Uschloss u seng Coequipieren net bis zum Schluss halen a koum mat enger Zäit vu 24 Minutten a 25 Sekonnen op der Arrivée un.

Tour de France - 1. Etapp
De Jonas Vingegaard wënnt d'Ekippenzäitfueren an ass a Giel. Den Titelverdeedeger Tadej Pogacar ass den Drëtte ginn.


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO