Et ass en traditionelle Rendez-vous fir déi Lëtzebuerger Reitsportfederatioun. Um Programm stinn dëse Weekend d'Landesmeeschterschaften am Sprangreiden. D'nächst Woch ass et dann um Dressurreiden. Déi lescht Deeg an och e Samschdeg gouf um Bouferterhaff Spektakel gebueden. Och wann de wuel bekanntste Lëtzebuerger Sprangreider net mat dobäi ass.
Paul Engel - FLSE-Generalsekretär: "An den Nowuesskategorie wéi bei den U16, do hu mer vill Participanten. Wou mer wéineg dëst Joer hunn, dat ass bei den U18. Do hu mer nëmme véier Reider, normalerweis hu mer awer dräimol sou vill. Dat ass e bëssen dorop zeréck ze féieren, dass verschidde Reider net méi hiert Päerd hunn oder schonn op d'Uni sinn, déi elo an d'Ausland ginn. Bei de Senioren hu mer déi méi regional Reider um Start an eis international Reider wéi de Victor Bettendorf, déi hunn aner Verflichtungen dëse Weekend, déi kréie mer leider net méi op Lëtzebuerg fir d'Landesmeeschterschaften."
De Victor Bettendorf am Sprangreiden an den Nicolas Wagner-Ehlinger an der Dressur sinn déi grouss Aushängeschëlder vum Lëtzebuerger Reitsport. Dovu profitéiert och d'FLSE. Trotzdeem happert et aktuell e bëssen um Nowuess.
Paul Engel - FLSE-Generalsekretär: "Am Spëtzesport sti mer extreem, extreem gutt do. Ech mengen, do brauche mer eis net ze verstoppen. Wat e bësse schwéier ass, ass den Nowuess, well et och an der haiteger Lag e relativ deiere Sport ass. Fir d'Päerd ze ënnerhale gëtt leider net méi bëlleg. An duerfir hu mer e bëssen Nowuessproblemer am Moment."
De Paul Engel ass net nëmmen de Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Reitsportfederatioun, mee hëlleft och dëse Weekend bei der Zesummestellung vum Parcours. Dëse gëtt och deelweis un d'Participanten ugepasst. Wat d'Competitiounen ugeet, falen déi meescht Decisiounen e Sonndeg.
Paul Engel - FLSE-Generalsekretär: "Bei de Senioren ass et am Moment ganz spannend. Déi dräi Éischt leien ënnerhalb vun enger Staang. Dat heescht, e Sonndeg an der Finall wäert sech entscheeden, wie Champion gëtt. Do dierf kee méi sech e Feeler erlaben, fir um Podium dierfen zu stoe vun deenen dräi, oder fir ze gewannen. An och bei de Kanner, bei den U18, hu mer och zwee Null am Moment. Also do musse se och muer eng Null-Ronn dréinen, fir Champion kënnen ze ginn."
E Sonndeg ëm 17.30 Auer steet fest, wie sech d'Landesmeeschtertitelen an de Kategorien Debutanten, Junioren, Amateuren a Seniore konnt sécheren.