
Mat 7:6, 6:2 a 6:4 huet de Gewënner vun de French Open Alexander Zverev géint de Britt Arthur Fery gewonnen, deen et als Nummer 114 op der Welt sensationell bis an d'Halleffinalle gepackt hat.
Fir déi aktuell Nummer 3 vun der Welt ass et no sengem Titel zu Roland Garros déi zweet Grand-Slam-Finall hannereneen.
An der zweeter Halleffinall huet déi aktuell Nummer 1 vun der Welt, Jannik Sinner, géint de 24-fache Grand-Slam-Gewënner Novak Djokovic gespillt. De Jannik Sinner huet sech an der zweeter Halleffinall bei den Hären zu Wimbledon an dräi Sätz géint den Novak Djokovic duerchgesat a steet domat an der Finall.
Do kënnt et elo zum Duell tëscht der aktueller Nummer 1 vun der Welt an dem Alexander Zverev. Am direkte Verglach huet den Italieener mat 10:4 kloer d'Nues vir. Déi lescht Victoire vum Däitsche géint de Sinner geet op d'US Open 2023 zeréck.