
Mat enger Zäit vu 25"36 huet de Rémi Fabiani net just den neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Réck am 50 Meter Basseng gebrach, ma sech och nach fir d'Finall A bei der Kompetitioun an den USA qualifizéiert. Hien huet säin eegene Rekord vun 2024 gebrach. Dat huet d'Schwammfederatioun en Donneschdeg den Owend matgedeelt.