De Minettstrail gouf dëst Joer eng véiert Kéier organiséiert - vun der selwechter Ekipp, déi och den Escher Kulturlaf geréiert. Ronderëm d'Mineursstad Rëmeleng gi Parcourse vu 14 an 20 Kilometer ugebueden. Dobäi geet et och iwwer 3 Kilometer duerch eng Minn, an direkt hannendrun ass d'Arrivée, wat och e weidert Erliefnes duerstellt. Fir an d'Minn ze dierfen, mussen d'Leefer en Helm, eng Luucht an eng Jackett matbréngen.
Schonn annerhallwe Mount virum Depart war de Minettstrail dëst Joer ausverkaaft. Aus Sécherheetsgrënn däerfen net méi wéi 700 Leefer deelhuelen. Déi nächst Editioun ass scho geplangt an et muss ee sech wuel nees fréi umellen, fir derbäi sinn ze kënnen.
Hei nach d'Podiumsplaze vun de Coursse bei den Dammen an den Hären:
Hären (14 km)
1 Pol Daix 0:59:34
2 Karim Moussaid 1:00:21
3 Kevin Steffen 1:00:56
Hären (20 km)
1 Kevin Thill 1:16:29
2 Max Lallemang 1:19:31
3 Benoit Lemaire 1:23:33
Dammen (14 km)
1 Teresa Williams 1:07:27
2 Lena Kersch 1:10:13
3 Fanny Lebresne 1:13:25
Dammen (20 km)
1 Laëtitia Coyat 1:28:14
2 Laura Grober 1:45:44
3 Sarah Juchems 1:51:27