
D'Zuel vun de vermësste Mënsche ass vu méi wéi 4.200 op 3.925 erofgaangen, mellt den nepaleesesche Katastropheschutz e Méindeg.
An der Regioun Tibet si chineesesche Staatsmedien no e Sonndeg op d'mannst 16 Leit ëm d'Liewe komm. 546 Leit géife weiderhi vermësst ginn.
Domat klëmmt den Total vun de confirméierten Doudegen op 955, mat op d'mannst 4.471 Leit, déi nach vermësst ginn.
Ënnert de Vermëssten am Nepal si 529 auslännesch Staatsbierger. Dorënner wieren der nepaleesescher Tourismusagence no och op d'mannst aacht däitsch Staatsbierger.
3.655 nepaleesesch Staatsbierger ginn ausserdeem nach am Nepal vermësst. Am Bezierk Nuwakot ass d'Zuel e Méindeg spronghaft op 1.158 geklommen. E Sonndeg haten d'Autoritéiten nach vu "just" 115 Vermëssten am Bezierk geschwat.
Am Nopeschland Indien sinn am nërdlechen Deel Uttar Pradesh den Autoritéiten no 17 Läichen aus Flëss gezu ginn, déi ënnert anerem och duerch Nepal fléissen. D'Autoritéite ginn dovunner aus, datt et sech ëm Affer vun der Flutkatastroph handelt. Déi 17 Doudeg ginn net an déi offiziell Zuele vun der Katastroph mat agerechent.
Déi schro Iwwerschwemmungen hate leschte Mëttwoch am Grenzgebitt tëscht dem Nepal an dem Tibet ganz Uertschafte mat sech gerappt an zerstéiert. Experten aus China an den USA no ass d'Katastroph warscheinlech duerch ee Gletscher ausgeléist ginn, deen ofgebrach an an ee Séi ënnendrënner gerutscht ass. Wéinst dem Klimawandel schmëlzen d'Gletscher am Himalaya méi séier, wéi jee virdrun. Gletscher, déi schmëlzen, kënne ganz Bierghäng destabiliséieren, wouduerch de Risk vun Äerdrutsche klëmmt.