Europäesche Konstrukteursverband ACEAEt ginn ëmmer méi Hybrid- an E-Autoe verkaf

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Juni sinn nees méi Autoen an der EU ugemellt ginn.
© RTL Archiv

Am Joresverglach ass et e Plus vun iwwer 13% oder anescht gesot: 1,14 Millioune Gefierer sinn an der EU nei registréiert ginn.

D'Zuel vun neie voll-elektreschen Autoen an Hybrid-Modeller huele bei Wäitem am meeschten zou, huet den europäesche Konstrukteursverband ACEA en Donneschdeg matgedeelt.

Hei am Land goufe leschte Mount 5.109 nei Autoen ugemellt, quasi 850 méi wéi am Juni d'lescht Joer: 1.583 voll elektresch, 2.077 Hybrid-Modeller a just nach 1.153 Bensinner an 296 Diesel-Autoen.

Back to Top
CIM LOGO