Finanzminister am RTL-InterviewIsrael-Bonds iwwer Lëtzebuerg verkafen? - "Den Emprunt wäert net verlängert ginn", seet de Gilles Roth

Sascha Georges
Kevin Kayser
Mam Gilles Roth hu mer iwwer d'Israel-Bonds, déi nei Mesuren, fir de Logementsmaart ze boosten an d'Extensioun vum Tram geschwat.
De Finanzminister am Interview op der Tëlee
Mam Gilles Roth hu mer iwwer d'Israel-Bonds, déi nei Mesuren, fir de Logementsmaart ze boosten, an d'Extensioun vum Tram geschwat.

Lëtzebuerg ass Kompliz am Krich géint Palästina? - Emprunt gëtt net verlängert

En Dënschdeg hat Amnesty International e Protest-Piquet virum Sëtz vun der CSSF organiséiert, fir op d'Problematik vun den israeelesche Bonds opmierksam ze maachen, déi iwwer Lëtzebuerg um europäesche Marché kënne verkaf ginn. Domadder kritt Israel Milliarden Euroen eran.

"Ech kann Iech kuerz soen: Dësen israeelesche Staatsemprunt wäert net verlängert ginn", seet de Finanzminister ganz direkt. "E wäert den 31. August dëst Joer auslafen. Dat sinn ech autoriséiert, Iech ze soen." Déi Decisioun läit awer eleng bei der CSSF an d'Bankenopsiicht huet virun zwee Méint beschloss, "datt keng Verlängerung vun där dote Staatsobligatioun kënnt".

De Minister seet awer och, datt vill Kriticken, déi d'CSSF wéinst dëse Staatsobligatiounen aus Israel kritt, net gerechtfäerdegt sinn, well déi national Bankenopsiicht eben no europäesche Krittäre gehandelt huet.

Schreiwes vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient um Mëttwoch de Mëtteg

Concerne: Approbation des obligations israéliennes par la Commission de Surveillance du Secteur Financier et risques légaux encourus par la CSSF en cas de renouvellement de l’approbation.

Madame, Monsieur,

Nous vous faisons parvenir ci-joint un courrier adressé à la CSSF par Maître Catherine Warin, avocate à la cour et mandatée par le Comité Pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO) concernant un éventuel renouvellement des obligations « de guerre » israéliennes début septembre 2026.

Ces obligations alimentent le budget d’État d’Israël et lui permettent de poursuivre ses actes qualifiés par la Cour internationale de Justice de génocide plausible, de crimes de guerre et de crimes contre l’humanité. La Cour pénale internationale a lancé un mandat d’arrêt contre le Premier ministre et l’ancien ministre de la Défense pour crimes de guerre et crime contre l’humanité.

La CSSF se cache derrière des arguments techniques pour se défaire de ses responsabilités de protection des investisseurs, de ses obligations en tant qu’organe étatique envers les engagements du Luxembourg concernant la prévention du génocide et la non-assistance à des crimes de guerre et de crimes contre l’humanité ainsi que la lutte contre le blanchiment.

Le présent courrier est la suite de courriers antérieurs restés sans réponse satisfaisante à nos demandes d’explication et de suspension de la vente des obligations. Il explique en détail la situation légale ainsi que les risques que la CSSF court en cas d’un renouvellement des obligations.

Mesuren am Bau: Vertrauen an de Maart schafen

De Bausecteur begréisst d'Mesuren, déi geholl goufen, fir nees Vertrauen an de Maart ze schafen an dofir ze suergen, datt d'Leit nees méi an de Logement investéieren.

De Finanzminister Gilles Roth ass hei kloer: Et wëll ee mat den neie Mesuren erëm Vertraue schafen, fir de Maart erëm ze "boosten". Se riichte sech elo mol just u Privatpersounen, déi rezent op de Banken op Spuerproduiten oder aneren Investissementer e bessere Rendement haten. Dës Mesurë goufen och am Virfeld mam Secteur getest, seet de Finanzminister. "Elo musse mer kucken, wéi een Impakt dës Mesuren op de Budget hunn", gëtt de Gilles Roth ze bedenken.

Aktuell bleift ee bei dëse Moossnamen, déi een nach séier an d'Chamber wëll bréngen, fir se retroaktiv fir dat ganzt Joer gëlle kënnen ze loossen. Et ass nach net kloer, ob se an Zukunft net just fir Privatpersounen, wéi aktuell geplangt, mä och fir Personnes morales wäerte gëllen.

De Gilles Roth confirméiert dann och, datt d'Gesetz iwwer d'VEFAe vun der Justizministesch wäert op de Leescht geholl ginn.

Datt net genuch fir d'Locatairë gemaach gëtt, wéi déi Lénk d'Mesurë kritiséieren, erkläert de Gilles Roth domadder, datt een elo mol muss kucken, fir genuch Wunnengen op de Maart ze kréien. "Wa keng Wunnengen um Marché sinn, kënne se och net verlount ginn", esou de Minister. Aktuell ass een an der Situatioun, datt vill Projeten zwar d'Autorisatiounen hunn, mä net realiséiert ginn. Virun 10 Joer war de Problem, datt d'Autorisatiounen op ville Plaze gefeelt hunn, wouduerch net gebaut gouf. Mat de steierlechen Avantagë wëll een dat elo änneren, eben de Maart boosten, datt ka gebaut ginn.

Den aktuelle Mesurëpak, deen ee mam Logementsministère zesummen ausgeschafft huet, bezeechent de Gilles Roth als "gutt a kohärent". Et verschléisst ee sech awer net, och a puncto Locatioun, nach eventuell an Zukunft u verschiddene Stellschrauwen ze dréinen.

Ausbau vum Tram op Stroossen: Den Terrain kafen, ass am Gesetz net virgesinn

D'Gesetz, fir den Tram bis op Stroossen fueren ze loossen, ass gestëmmt. Pläng ginn et och, datt en Arrêt vum Tram, zesumme mat enger Busgare, op den Terrain soll kommen, wou bis ewell de Batiself an aner Butteker hire Sëtz haten. Wat mam Recht vun dësem risegen Areal soll geschéien, ass nach net kloer.

Aktuell huet een eng Enveloppe vun 114 Milliounen Euro, fir den Ausbau vum Tram a Richtung Stroossen ze finanzéieren. Den Ukaf vum Terrain ass awer an deem Gesetz, wat elo unanime gestëmmt gouf, net virgesinn. Och wann den Tram iwwer en Terrain fiert, brauch de Staat net de kompletten Terrain ze kafen, esou de Gilles Roth.

Wien och ëmmer de Promoteur vum Terrain ass, de Finanzminister ass sech sécher, datt een do gutt Gespréicher ka féieren a Léisunge wäert fannen, fir den Terrain sënnvoll ze viabiliséieren.

"Wou eng Gare soll kommen, wou den Tracé vum Tram soll kommen a wou och déi Developpementer, déi op där dote Plaz passen, sollten hikommen. Dat ass awer net um Finanzminister ze decidéieren, mä un den zoustännege Gemengenautoritéiten. An déi Gemengenautonomie soll een och dofir héich halen," seet de Gilles Roth zum Ofschloss.

Back to Top
CIM LOGO