Situatioun zu Ceuta weider ugespaantPoliceasaz virun engem Opfanglager fir Migranten

RTL Lëtzebuerg
Zu Ceuta, dem spueneschen Territoire um nordafrikanesche Kontinent, war d’Situatioun de Weekend weider ugespaant.
Situatioun zu Ceuta weider ugespaant
Situatioun zu Ceuta weider ugespaant

E Méindegmoie war d’Situatioun an der spuenescher Exklav Ceuta a Marokko weider ugespaant. Honntere Migrante campéieren zanter enger Woch virum Opfanglager Loma Colmenar a waarden, fir eng Plaz an dësem ze kréien.

D'spuenesch Police huet schliisslech intervenéiert, fir d'Mënschemass ze organiséieren. An deem Kader goufen och Leit vun der Plaz fort geholl. Anere Migranten ass et iwwerdeems gelongen, an d’Lager eranzekommen. No enger éischter Kontroll op der Plaz konnte si an d'Zelter goen a kréien elo Accès zu Better, Duschen an Iessen.

Virun engem Mount koumen iwwer 70.000 Leit illegal op Ceuta, eng 5.000 bis 10.000 wieren nach ëmmer do. Vun der Plaz ginn och Anti-Migratiouns-Maniffe gemellt.

De spuenesche Premier Pedro Sanchez, huet iwwerdeems eng Responsabilitéit vun de marokkaneschen Autoritéiten bei der Kris zu Ceuta formell ausgeschloss. Iwwert d'Ursaach géing nach enquêtéiert ginn, mee de Sanchez huet falsch Informatioune verantwortlech gemaach, déi vun enger "ultra-rietser Internationale" verbreet gi wieren.

Back to Top
CIM LOGO