
Bei enger Explosioun vun enger Autosbomm virun engem Police-Büro a Mexiko solle sechs Ziviliste blesséiert gi sinn. Bei der Detonatioun an der Stad Ojocaliente, déi an der Nuecht op e Méindeg geschitt ass, goufen ënnert anerem och d'Gebai vum Policebüro, sou wéi Gebaier déi ronderëm leien, beschiedegt. Dat mellen d'Autoritéiten am zentralmexikanesche Bundesstaat Zacatecas op de soziale Medien. Dëse Bundesstat gëllt jo als Hotspot vum Drogenhandel an der Regioun.
A Mexiko leeft zënter Joren en aggressiven Drogekrich tëscht verschiddene Karteller. Zu Zacatecas goufe jorelaang praktesch al Dag Läiche fonnt respektiv Leit als vermësst gemellt. Nodeems sech d'Situatioun fir d'lescht berouegt hat, goufen am Juli nees Läiche fonnt. Ënnert den Doudegen zu Pozos de Gamboa war de fréiere Buergermeeschter.